D‘Konzept vu Green Impact ass, Produiten hierzestellen, déi de Leit ee méi ëmweltfrëndlecht Liewen erliichtere sollen.

Ëmmer méi Start Ups fanne Geschäftsiddie’en déi sech ronderëm de Klimaschutz an d’Nohaltegkeet dréinen- an hunn domat Erfolleg. Eng dovun ass "Green Impact", déi 4 Lëtzebuerger Schüler viru kuerzem an d’Liewe geruff hunn.

Den Täschen-Äschebecher ass deen éischte Produit dee Green Impact virun e puer Deeg an d’Vente gesat huet. De Produit kritt ee fir 3 Euro 50 an an hirem Online Shop ze kafen, grad wéi a verschiddene CBD Shoppen.

De Max Schievenin an de Felix Hermann vu "Green Impact" hunn de Projet bei eis presentéiert.

Lauschtert hei de Reportage

Weider Infos fannt der hei: