Iergendwann mat sengem Partner zesumme wunnen ze goen, ass den Dram vu ville Koppelen. Ma verschiddener verzichte ganz bewosst dorop.

LAT, ausgeschwat ''Living Apart Together'' heescht soss näischt anescht wéi dass een an der Koppel net zesumme wunnt. Jidderee wëll seng eege Wunneng halen an dat aus ganz verschiddene Grënn.

Vum Alter hier sinn et virun allem Leit Ufank bis Enn 20 an Ufank bis Enn 40. Déi méi Jonk begrënnen et domat, net mat enger Persoun eppes wëllen ze kafe wann se nach net laang genuch mat engem zesumme sinn an déi Mëtt 40 hu warscheinlech schonn eng Trennung hannert sech, hunn alles missten opdeelen a wëllen dee Feeler net nach eng Kéier maachen.

Et ginn also ganz verschidde Grënn, déi duerchaus positiv kënne sinn. Virun allem, dass d'Aufgabe bei getrennte Wunnenge vill méi gerecht opgedeelt sinn. Een deen och eleng eng Wunneng huet, weess nämlech wat et heescht ze botzen, ze strecken an d'Wunneng geraumt ze halen. En plus huet da jiddereen eppes do stoe wat u Wäert zouhëlt. D'Sue sinn also gutt investéiert.

Natierlech huet dat Ganzt och en negative Punkt. Wann ee getrennt wunnt fält d'Spontanitéit ewech an et muss een alles plangen. Wat op Dauer schwiereg an der Bezéiung ka ginn.

Wéi ass een dann elo méi glécklech? Wann een zesumme wunnt oder net? Déi Fro ass hei net objektiv ze beäntwerten. Glécklech ass déi Koppel, déi et esou mécht wéi se et sech allen 2 wënschen. Kuerz kann een och nach soen, dass een esou soll maache wéi een et fir richteg hält.

Lauschtert eran