Karotenoide ginn an eisem Kierper an de wichtege Vitamin A ëmgewandelt. Eng Etüd vum LIH schafft dorun dëse Prozess mat Proteinnen ze optiméieren.

„Muerte si gutt fir d'Aen, well hues de schonn en Hues mat Brëll gesinn?“, dëse Witz huet bestëmmt deen een oder anere scho vu sengen Elteren als Kand gezielt kritt. An och wann d'Argumentatioun net ganz eescht ze huelen ass, huet en awer en eeschten Hannergrond. Mat de sougenannte Karotenoiden, also Pigmenter, déi a verschiddenen Iesswueren dra sinn an hinnen dacks hir typesch orange Faarf ginn, gëtt grad och am Luxembourg Institute of Health (LIH) mat Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche experimentéiert.

Gutt fir d'Aen, de Wuesstem an d'Immunsystem

Fir d'éischt stellt sech d'Fro, firwat déi Karotenoiden esou wichteg fir eise Kierper sinn. Ganz einfach: Se ginn a Vitamin A ëmgewandelt. Grad fir Vegetarier oder fir Länner an deenen net vill Fleesch giess gëtt sinn d'Karotenoiden den Haaptliwwerant fir Vitamin A. An dës Vitaminne sinn effektiv wichteg fir d'Aen, fir d'Immunsystem an de Wuesstem, erkläert den

.

Ma net nëmmen dofir, se sollen z.B. och d'Aen virum aggressive Bloliicht schützen, mat deem mir duerch de Computerbildschierm an de Smartphone ëmmer méi konfrontéiert sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

An Uebst, Fësch, Geméis an Eeër

D'Karotenoide sinn dobäi a villen Uebst a Geméiszorten, déi eng staark eege Fierwung hunn, z.B. Muerten, Tomaten, Spinat, Kabes, Meloun oder Paprika. Méi schwaach sinn se och an Déiereproduiten, wéi am Eegiel oder a Saumon dran.

Elo geet et dem Dr. Bohn a senger Ekipp drëms fir erauszefannen, ob Proteinnen d'Opnam vun de Pigmenter kënne begënschtegen. Déi ginn nämlech net immens gutt vum Kierper opgeholl a ginn z.B. mat Fetter besser am Daarmberäich erausgeléist. Dat selwecht huelen d'Fuerscher ebe vun de Proteinnen un. Anescht géifen d'Karotenoiden nämlech einfach erëm ausgescheet ginn.

Fuerscher op der Sich no Testpersounen

An dofir ass een och nach op der Sich no weideren Testpersounen, déi 3 Deeg laang am LIH Moolzechte mat ënnerschiddleche Proteinquantitéite kréien, fir esou erauszefannen, ob déi en Afloss op d'Opnam vun de Karotenoiden hunn.

© Eldoradio

Duerno kéint ee mat den Erkenntnisser d'Opnam vun de Pigmenter an d'Produktioun vu Vitamin A z.B. fir Vegetarier a Veganer, respektiv fir Leit mat Verdauungsproblemer oder Leit aus Drëttweltlänner optimiséieren.

A ville Länner ass z.B. Vitamin-A-Mangel e grousse Problem. Dat kann zu Problemer mat den Aen, Wuesstemsstéierungen an Ufällegkeet fir Infektioune grad bei Kanner féieren an direkt oder indirekt zum Dout féieren.

Interesséiert dir iech fir dës Etüd oder wëllt dorun deelhuelen, da fannt dir