Iwwer 2,1 Millioune Passagéier huet d'Luxair 2019 transportéiert. Wéi et schéngt waren déi meescht och ganz zefridde mam Service vun der Fluchgesellschaft.

Obwuel d'Fléien an de leschte Jore wéinst den Auswierkungen op d'Klima e bëssen a Verruff geroden ass, gouf trotzdeem e Rekord u Passagéier mat ronn 4,6 Milliarden 2019 erreecht. Ma wéi all Joer stellt sech d'Fro, mat wéi enger Airline d'Leit dann am léifste fléien.

Keng Iwwerraschungen un der Spëtzt
Bal 75'000 Cliente vum

goufen d'lescht Joer gefrot, wéi eng Airline se am beschte fannen. Net iwwerraschend sinn déi al Bekannten erëm vir mat bäi, Emirates kënnt op déi 1., Quatar Airways op déi 2. an Turkish Airlines op déi 3. Plaz.

Ma fir Lëtzebuerg ass d'Plaz 7 nawell interessant, do läit nämlech d'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft, d'Luxair. Déi läit nach virun der griichescher Aegean Airlines a Swiss International Air Lines. Déi Lëtzebuerger Airline kann dobäi virun allem an zwee Beräicher punkten. Gekuckt goufen nämlech 5 Beräicher, d.h. de Komfort u Bord, den Check-In, d'Ënnerhalung, d'Präis-Leeschtung an de Service u Bord.

Luxair punkt bei Check-In a Service
Direkt op der 2. Plaz no Emirates läit d'Luxair esou a Saachen Check-In. Fir d'Cliente klappt dëse stressegen Deel vun enger Rees immens gutt an den Check-In-Service konnt duerch seng Waardenzäiten an d'Personal iwwerzeegen.

Op déi 2. Plaz kënnt d'Luxair dann no Quatar Airways a Saache Service u Bord. Wat de Komfort an d'Präis-Leeschtung ugeet, do konnt d'Luxair d'Clienten zwar och iwwerzeegen an op 3,5 vu 5 Punkte kommen, ma fir d'Nues vir ze hunn ass et net duergaangen.

Am schlechtsten huet d'Lëtzebuerger Airline bei der Ënnerhalung ofgeschnidden.
Doran enthale sinn z.B. gratis W-Lan u Bord, Filmer, Live-Tele, Spiller a Musek. Dat dierft net zulescht awer och dorun hänken, dass vill Kuerzstreckeflich ugebuede ginn op deenen Entertainment net onbedéngt am Zentrum steet.

Och an anere Rankinge mat vir bäi
Ma et ass net fir d'éischt, dass d'Fluchgesellschaft sech mat de Groussen aus der Branche misse kann.

D’Säit AirHelp, déi sech mat Entschiedegungen an dem Verhale vu Fluchlinne bei Verspéidungen oder Problemer beschäftegt, huet der Luxair z.B. fir 2019 déi 8. Plaz weltwäit fir hire Service um Client ginn.