
© Unsplash
Biller oder e Videoen, déi bis am Netz stinn, si bal net méi zeréckzekréien. Dofir muss ee couragéiert sinn, fir d'Kontroll net ganz ze verléieren.
„Sexting“ ass e Phänomen, dat och zu Lëtzebuerg ganz beléift ze si schéngt. Dat net nëmme bei Jonken, mä och bei Erwuessenen. Privat an intim Fotoen hin an hir ze schécke läit zwar am Trend, wéi eis och d'Police an de Kanner- a Jugendtelefon confirméiert huet, ma all ze dacks geet dat schif. Da lande Fotoen oder Videoe bei deene Falschen a verbreeden sech duerno rasant a private Gruppen oder ëffentlech am Internet.
Sech der Strofbarkeet bewosst sinn
Fir d'éischt sief nach emol gesot, dass de Besëtz vun intime Fotoen oder Videoe vu Mannerjärege kloer verbueden a strofbar ass. An natierlech dierf intiimt Material net weidergeschéckt ginn, egal ob et sech dobäi ëm Mannerjäreger oder Erwuessener handelt.
D'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon seet dowéinst kloer, dass déi beschte Präventioun ass guer keen esou e Material ze verschécken a wann, dann esou, dass een dorop net erkennbar ass.
Sollt d'Foto awer elo weidergeschéckt gi sinn, da sollt een esou séier wéi méiglech handelen.
Héich Donkelziffer
D'Barbara Gorges-Wagner réit esou séier wéi méiglech mat enger Vertrauenspersoun oder mat der BeeSecure-Helpline ze schwätze fir e Stéck vun der Kontroll erëmzekréien. Vill Affer géifen awer net driwwer schwätzen, dat huet och d'Police gesot. Dofir geet een dovun auss, dass d'Donkelziffer immens héich ass.
Den nächste Schratt ass där Persoun, déi d'Material verbreet huet kloer ze maachen, dass se sech strofbar mécht an se opzefuerderen d'Material esou wäit ewéi méiglech ze läschen. An natierlech bleift ëmmer nach d'Plainte bei der Police oder d'Opfuerderung u Plattformen d'Material ze läschen.
Am schlëmmste Fall mat der Situatioun liewen
Dat geschitt och an der Reegel, vill méi komplizéiert bis onméiglech ass et awer d'Material ze läsche, wann et bis iwwer déi privat Messenger geet.
Hei misst ee wéi gesot domat eens ginn, dass een d'Kontroll iwwer säin eegent Material verluer huet, dofir wier et an deem Fall ëm sou méi wichteg fir couragéiert ze sinn a sech Aneren unzevertrauen.
Du goufs Affer vu Sexting a wëlls dech engem uvertrauen? Mell dech bei der BEE SECURE Helpline (8002 1234), bei der BEE SECURE Stopline, beim Kanner-Jugendtelefon (116111) oder bei der Police.