Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Zwou Bulle Mokka – Fausti

Dës Woch brécht d’Feier an iech aus! Genéisst et a profitéiert vun der Energie!

Stéier

M.I.A Meine Gang – Mia Julia

De Schlof wäert net zum Problem ginn: D’Stären halen iech wakereg an dir kënnt eng super Zäit mat äere Frënn verbréngen.

Zwilling

Das rote Pferd – Markus Becker

Dës Woch muss der vun de Partye profitéieren, well den Drang no opreegende Momenter wäerten d’Stären iech bréngen.

Kriibs

Schuhe an – Mickie Krause

Är Frënn brauchen iech dës Woch vill méi ewéi soss. Gitt op se duer a probéiert zesummen nei Saachen aus.

Léiw

Helikopter 117 – Tobee

Dir wäert dës Woch e bëssen ofhiewen, fokusséiert iech op är Wuerzelen a bleift realistesch.

Jongfra

Pommes und Champagner – Kasalla

Et ass d’Woch vun der Gönnung. Fokusséiert iech ob iech selwer da verbréngt der eng genial Zäit.

Wo

Nie mehr Fastelovend – Querbeat

Dir sidd um Punkt eppes Wichteges ze verléieren, fannt eraus, wat dir wierklech brauch a schafft dofir.

Skorpioun

Die Nacht von Freitag auf Montag – SDP ft. Sido

Schnaapt iech är Frënn an hutt eng gutt Zäit. Déi bleift awer just gutt, wann der mat de Féiss um Buedem bleift.

Schütze

Cordula Grün – Josh

Schwätzt äre Schwarm un. Dës Woch kënnen d’Stäre fir een Happy End suergen.

Steebock

Superjeilezick – Brings

Dës Woch brécht Ramba Zamba aus, dat esou wuel berufflech wéi och privat. Trotzdeem brauch dir iech net ënnerkréien ze loossen, well zum Schluss ass alles super.

Waassermann

Et jitt kei Wood - Cat Ballou

D’Woch hält vill Iwwerraschunge fir iech parat. Mee kee Wuert wäert beschreiwe kënne wéi gutt dës doe wäerten.

Fësch

Hula Palu -  Andrea Gabalier

Eng Persoun wäert iech dës Woch de Kapp verdréinen. Gitt roueg drop an, et wäert keng negativ Konsequenzen hunn.