Den Eldoskop seet iech är Léift viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Halo – Beyoncé

Déi perfekt Persoun ass schonn an ärem Liewen, och wann der dogéint ukämpft. D’Léift fënnt besonnesch haut ee Wee.

Stéier

Kiss – Prince

Kee muss perfekt sinn. Bleift iech selwer trei, just esou kënnt dir an och déi aner iech zu 100% gären hunn.

Zwilling

Young and Beautiful – Lana del Ray

Schéinheet ass net vergänglech. Jiddereen huet seng eege Schéinheet an déi muss dir als aller éischt appreciéieren.

Kriibs

You and I – One Direction

An de Stäre steet, dass d’Zukunft fir all Partnerschaft mat engem Kriibs esou positiv ass ewéi nach ni. Näischt kann do nach dotëscht kommen.

Léiw

Perfect – Ed Sheeran

Kuckt iech är Léift un. Denk driwwer no wisou dir iech verléift hutt. De Partner ass ëmmer nach perfekt fir iech.

Jongfra

Lose you to love me – Selena Gomez 

Iwwerleet iech wisou dir dee Wee ageschloen hutt, deen iech bis heihi bruecht huet. D’Stäre sti gutt fir nei Weeër.

Wo

Someone you loved – Lewis Capaldi

Eng Persoun déi iech geréng enttäuscht huet, huet net onbedéngt eng zweet Chance verdéngt. Dir fannt ganz gläich nei Léift.

Skorpioun

I will always Love you – Whitney Houston

Och wann eng Persoun iech verloos huet dierf dir se weider gär hunn, wann den Zäitpunkt komm ass verléift dir iech nei.

Schütze

More than words – Extreme

Et geet net ëmmer ëm dat wat ee seet. Gesten ziele méi ewéi 1000 Wierder.

Steebock

Say you won’t let go – James Arthur

Weist är Gefiller. Et bréngt näischt se zeréck ze hale fir cool ze wierken. Stitt dozou, da komm dir weider.

Waassermann

No one – Alicia Keys

Vergiesst ni, dass äre Partner fir iech do ass. Besonnesch haut stinn d’Stäre gutt fir méi eng déif Verbannung.

Fësch

Chasing Cars – Snow Patrol

Haut hutt da am beschten iech nieft eng wichteg Persoun ze leen an einfach iwwert d’Welt ze schwätzen. Esou kënnt dir vill besser an d’Zukunft kucken.