An de soziale Medien klicke vill Leit oniwwerluecht op Reklamm déi hinnen ugewise ginn. Dat sollt een net oniwwerluecht maachen.

All Dag gëtt gezilt Reklamm an de sozialen Netzwierker verbreet, déi Verbraucher mat presuméiert bëllegen Offere lackele sollen. Facebook, YouTube a sozial Medie si séier, effektiv Mëttel, fir Verbraucher unzeschwätzen. Allerdéngs notzen e puer Entreprisen dat aus, fir u Suen oder u vertraulech Informatiounen ze kommen, esou d'CEC Luxembourg.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

Am Kader vum Safer Internet Day, deen den 11. Februar ass, mécht den Europäesche Verbraucherzenter Lëtzebuerg, kuerz CEC, op d’Thema vun de Bedruchsfäll an de soziale Medien opmierksam.

An der ganzer EU, wéi och Norwegen an an Island ënnerstëtzt d’Netzwierk vun den Europäesche Verbraucherzenteren, Verbraucher déi op Bedruchsmasche vun onéierlechen Entreprisen an de sozialen Netzwierker eragefall sinn.

Enger aktueller

vun der Europäescher Kommissioun no goufe 56 Prozent vun den EU-Verbraucher an de leschten zwee Joer Affer vu Bedruchsfäll. Déi meescht genotzten Aart vu Bedruchsmaschen, déi an de soziale Medien ze fanne sinn, ass de sou genannte „Kafbedruch“. Dobäi gi Verbraucher an Abo-Fale gelackelt oder zum Kaf vu Produite verleet, déi gefälscht sinn oder net existéieren. Sozial Medie sinn dacks de beschte Kanal, fir Verbraucher mat Offeren ze erreechen, déi sech als „ze gutt, fir wouer ze sinn“ erweisen.

Vill Verbraucher falen deemno op psychologesch Tricken eran, déi se dozou bréngen, impulsiv an oniwwerluecht ze handelen. An de soziale Medie fënnt een dacks Gewënnspiller oder gratis Prouf-Offeren, déi besonnesch ulackelen. Dacks scrollt een an de soziale Medien einfach erof, a klickt een op eppes, ouni vill z’iwwerleeën an ouni dat ganzt kritesch ze bewäerten.

D’Netzwierk vun den Europäesche Verbraucherzentere wëll d’Verbraucher drop opmierksam maachen, net oniwwerluecht ze handelen an ee Screenshot ze maachen, iert si op eng Reklamm an de soziale Medie klicken. De Problem ass nämlech, dass nodeems een drop geklickt huet, d’Reklamme verschwannen. Dat heescht also, dass ee keng Beweiser séchere kann. An dann gëtt et schwéier dem Bedruch nozegoen, esou d'CEC Luxembourg.

Weider Informatioune fënnt een ënner https://www.cecluxembourg.lu/.