Cybersécherheet gewënnt an ëmmer méi Beruffsbranchen u Relevanz - deemno ginn europawäit Dausenden Experten an deem Beräich gesicht!

Experte braucht d'Land – Jo, dat gëllt a ville Beräicher ma besonnesch am Volet vun der Cybersécherheet kënne Verschiddener hiert Gléck fannen. Bis 2022 ginn a ganz Europa 350.000 Experte gesicht a Lëtzebuerg bedeelegt sech un der Juegd no Talenter, dat mat der Lëtz Cybersecurity Challenge 2020. D'Yolande Roller vu

am Eldo-Interview.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Challenge am Abrëll am Forum Geesseknäppchen

Vum 11. Februar u kann ee sech fir den Challenge den 3. a 4. Abrëll am Forum Geesseknäppchen beim

umellen, ma kann een deen Dag net dobäi sinn, ginn och Aufgaben online ugebueden. Et wëll een deemno jidderengem d'Chance ginn, säi Kënnen ënner Beweis ze stellen. Dëst ass awer just déi 1. Phas vun eppes méi Groussem, der European Cybersecurity Challenge am November zu Wien.

European Cybersecurity Challenge am November zu Wien

Hei gi Jonker bis zu 25 Joer gesicht, Studenten ewéi Professioneller, déi sech der Erausfuerderung gewuess fillen a Lëtzebuerg op internationalem Niveau vertriede wëllen. Zil ass et eng Aart Nationalequipe an der Cybersécherheet op d'Been ze stellen, déi och an Zukunft an den Asaz geschéckt ka ginn. Vun Abrëll bis November gëtt een entspriechend ausgebilt, dat duerch Formatiounen an Atelier. D'Rees vum 2. bis 7. November 2020 gëtt komplett iwwerholl.

Sécherheet am Netz fërderen a Jonker ënnerstëtzen

Wéi d'Yolande Roller ervirgehuewen huet, wëll ee virun allem déi positiv Hacking-Culture fërderen. An deem Kader begréisst een och, datt d'Kodéieren, also de Coding, an de Schoulen agefouert gëtt. Et ass een der Meenung, datt dee sougenannte Security Coding an deem Sënn besser wier, also d'Informatiounsécherheet, déi assuréiert, datt all d'Date geschützt sinn. Wie sech an deem Beräich gutt gesäit, soll sech op alle Fall

.

Hei de Communiqué:

Lëtz Cybersecurity Challenge 2020: Talenter gi gesicht

Bis 2022 ginn europawäit 350.000 Cybersecurity Experte gebraucht! 

Zesumme mat verschidde Partner lancéiert den C3 (Cybersecurity Competence Center Luxembourg), eng Initiativ vum Ministère de l’ Économie, déi zweet Editioun vum Lëtz Cybersecurity Challenge (LCSC).

Den Challenge adresséiert sech haaptsächlech u Jonker bis 25 Joer an huet virun allem als Ziel, Talenter am Beräich vun der Cybersécherheet ze fërderen an se z’encouragéieren e Beruff an dësem Beräich ze wielen. Doriwwer eraus gëtt un Hand vun Datesécherheetsfroen och virsiichtegt Online-Behuelen promovéiert. 

Niewebäi, gëtt iwwert den LCSC dann och eng Equipe identifizéiert, déi am November 2020 de Grand-Duché um European Cybersecurity Challenge (ECSC) zu Wien wäert vertrieden. Den ECSC ass eng Initiativ vun der European Network and Information Security Agency (ENISA), un dem dëst Joer 20 Länner wäerten deelhuelen. 2019 konnt Lëtzebuerg fir déi éischte Kéier mat enger Equipe vun 10 Jonker um ECSC zu Bukarest deelhuelen.  Et wor eng onvergiesslech Erfahrung fir dat ganzt Team.

Wann s de eppes kanns, weis et!

Lëtz Cybersecurity Challenge @ Game of Code

3. an 4. Abrëll am Forum Geesseknäppchen

D’Aschreiwung geet den 11.02.2020 um Safer Internet Day op. D’Participatioun ass gratis.

Méi info: https://cybersecuritychallenge.lu/   https://www.ecsc.eu/   https://www.enisa.europa.eu/