Déi trauregst a gläichzäiteg schlëmmsten Zäit vum Joer ass glécklecherweis och dee kierzten.

Ee Joer huet an der Reegel 365 Deeg. Dëst Joer sinn et da wéinst dem Schaltjoer 366 an de Februar huet der 29 aplaz 28. Ganzer 12 Méint muss een iwwert sech ergoe loossen, bis ee sech op dat neit Joer dierf freeën. Do gëtt et allerdéngs ee Mount dee ganz speziell an däischter ass.

Spontan géing een elo eventuell op den November tippen. Do weess een, dass den Hierscht gläich eriwwer ass an d'Deeg ëmmer méi kuerz ginn. D'Iwwerleeung ass gutt, ma leider falsch. Et huet een nämlech nach Reserve vun de schéinen Hierschtdeeg. Am Dezember huet een duerch all déi Feierdeeg keng Zäit sech ze vill Gedanken ze maachen an da kënnt jo nach Silvester. Fir de Januar ass een da voller Motivatioun an da kënnt déi Zäit déi am schlëmmsten ass.

Et war jo kloer, dass et sech dobäi ëm e Wantermount handele muss an zwar de Februar. Virun allem läit et un de Konditiounen. Onglécklecherweis ass de Februar quasi nëmmen duerch Reen, Schnéi, Keelt, groen Himmel an duerch d'Däischtert charakteriséiert.

Ok, et kann een natierlech och soen, dass de Februar wéinst dem Valentinsdag de Mount vun de Verléiften an och d'Zäit vun de Gecken ass, ebe wéinst der Fuesent. Soss huet déi Zäit am Joer leider net vill ze bidden. Esouguer an der Filmindustrie, gëtt de Februar als ''dump month'' bezeechent, quasi a Mount fir ze vergiessen. Wee wëll bei deene Konditioune schonn eraus an de Kino goen. E puer Deeg déi am Energiespuermodus verlafen.

Natierlech ass dat alles extrem subjektiv. Wat fir deen ee schlecht ass, ka fir en anere gutt sinn. Och wann d'Deeg méi gro sinn, soll ee sech bedenken, dass de Februar jo just 28 an all 4 Joer 29 Deeg huet.

Lauschtert eran