Vun Horror, Thriller, Komedie iwwer virtuell Realitéit, bis hin zu Animatioun an Dokumentarfilmer - och dëst Joer dierft fir jiddereen eppes dobäi sinn.

De Film Festival feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag. Fir déi 10. Kéier gi vum 5. bis de 15. Mäerz erëm iwwer 100 Filmer aus alle Beräicher a Länner gewisen, Workshoppen ugebueden, Concerten organiséiert a sech natierlech och vill iwwer d'Handwierk Film ausgetosch. Et ass also wéi all Joer net nëmmen e Festival fir de Public ma och e wichtegt Event fir déi Professionell selwer.

127 Filmer, dorënner och Lëtzebuerger Produktiounen
127 Filmer goufe fir de Film Festival dëst Joer ausgewielt an et wier ze vill, fir elo all eenzelen unzeschwätzen. Wat awer kloer ass, ass, dass och erëm Lëtzebuerger Produktiounen dobäi sinn. Si maachen zwar an der ganzer Mass u Filmer nëmmen e Brochdeel aus, ma grad d'Kuerzfilmer illustréieren dobäi gutt, wat zu Lëtzebuerg a Saache Film méiglech ass, esou d'Kulturministesch Sam Tanson den Dënschdeg op der offizieller Presentatioun vum Programm vum Film Festival.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Ee Stéchwuert war och déi sougenannte "Gender Balance", dat heescht d’Balance tëscht de Geschlechter. Lass geet et an deem Sënn de 5. Mäerz mam Film Promising Young Woman, engem Thriller vum Emerald Fennell, deen am Januar um Sundance Festival virgestallt ginn ass.

Lëtzebuerger Produktiounen och am VR-Beräich staark vertrueden
Iwwerdeems goufen och 15 Lëtzebuerger Produktiounen oder Co-Produktiounen ausgewielt, dobäi kommen nach emol 4 Produktiounen am VR-Beräich an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Societéiten an Acteuren. E Rekord, esou den Direkter vum Filmfong, Guy Daleiden.

Ënnert anerem ass dat de Film Eng Äerd vum Tom Alesch, en Documentaire, deen sech mat de verschiddenen Initiative ronderëm Nohaltegkeet a Solidaritéit zu Lëtzebuerg ausernaner setzt.

Iwwer virtuell Realitéit wollt den Direkter awer nach net ze vill verroden. An natierlech gëtt och wéi all Joer vill wäert op d'Jugend geluecht, sief et fir Klassen oder och privat.

Grousse Succès bei de Schüler
Bal 6'000 Schüler sinn och scho fir déi sëlleche Seancen, Evenementer a Workshoppen, z.B. ronderëm Stop-Motion, 3D-Animatioun oder de Schéierschnëtt am Trickkino ugemellt, et wäerten der awer wuel nach eng Rëtsch dobäi kommen. Op all Fall schwätzt d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer elo scho vun engem Succès an där Hisiicht.

An och dëst Joer wäerte rëm eng Rëtsch Präisser a verschiddene Concourse verdeelt ginn. Ënner anerem kuckt a bewäert fir déi 7. Kéier e Jugendjury aus Jugendleche vu 16 Joer Filmer aus de verschiddene Kategorien, fir um Enn dann e Film mam Präis vun der Jugendjury auszezeechnen.

Weider Informatiounen an de komplette Programm fannt dir op

.