112 ass wuel eng vun deene bekanntsten Zuele vun der Welt. An op d'mannst an der EU kënnt een domat am Noutfall ëmmer un dee Richtegen.

Symbolesch fir d'Noutruffnummer vun de Rettungsdéngschter ass den 11. Februar all Joer den europäeschen Dag vum

. Elo ass d'Nummer jo einfach ze wielen, an awer muss ee bei esou engem Uruff vill bedenken a sech konzentréieren, fir dass engem esou séier an esou gutt wéi méiglech ka gehollef ginn. 

Eng Noutruffnummer fir d'ganz EU
012, dat war zanter 1966 zu Lëtzebuerg d'Nummer, wann ee séier Hëllef gebraucht huet. 1993 ass se dunn an 112 ëmgeännert ginn. D'Nummer gëllt dobäi europawäit, ma och aner Länner, déi net an der EU sinn, hunn den 112 als Noutruffnummer adoptéiert.
An Norwegen z.B. ass et awer esou, dass den 112 fir d'Police reservéiert ass an den 113 fir d'Rettungsdéngschter, also ëmgedréint wéi bei eis.

Dobäi ass ze soen, dass d'Nummer an deene Länner, an deenen den 112 net d'Noutruffnummer ass, z.B. an den USA, een dacks automatesch ënner där lokal gëlteger Nummer weidergeleet gëtt.

Opklärung ass net vu Muttwëll
Dass den 112 als Nummer op d'mannst EU-wäit gëllt, dat wëssen der vill iwwerdeems nach ëmmer net. Der EU-Kommissioun no weess z.B. nëmmen all zweeten EU-Bierger, dass se queesch uechter d'EU gëlteg ass.

Opklärung ass also net vu Muttwëll, och wann an der Moyenne all Dag 869 Uriff beim 112 eleng zu Lëtzebuerg aginn. Iwwer 317'000 waren et der iwwer dat lescht Joer. Ma dat bréngt natierlech och heiansdo komesch Situatioune mat sech, virun allem un de Grenzen, där Lëtzebuerg der jo genuch huet.

Grenziwwergräifend Zesummenaarbecht ass e Muss
Soubal een nämlech an engem auslänneschen Netz ass, gëtt een och mat der Noutruffzentral aus deem Land verbonnen. Wéi et vum Chef de Service vum CSU 112, Jérôme Gloden heescht, géif dat all Dag e puermol geschéien, ma kee Problem, dee Moment géif ee gefrot ginn, vu wou een ass an den Noutruff géif dann einfach weidergeleet ginn.

Dacks géif een zu Lëtzebuerg och als Iwwersetzer hëllefen, z.B. wann e Fransous bei der däitscher Noutruffzentral lant a béid Säiten sech net verstinn. Da géif déi Lëtzebuerger Zentral matlauschtere fir z'iwwersetzen. Dacks géifen d'Rettungsdéngschter sech och ënnertenee Bescheed ginn, wann z.B. eppes op der franséischer Säit iwwer d'Grenz gemellt ginn ass, d'Lëtzebuerger Rettungsdéngschter awer schonn do sinn.