Heiansdo ginn et Situatiounen an deenen een am léifsten einfach am Buedem versenke géif. D'Gefill vun Erniddregung huet virun allem awer och gutt Säiten.

Lauschtert eran!

Schimmt ass eng Tugend! Dat seet op allefalls eng Etüd vun der University of California. An dat huet direkt e puer Grënn:

Wie sech schummt mécht sech sympathesch!
Dir kennt et: Wa mir eis schummen da loosse mir d’Schëlleren an de Kapp hänken a mir maachen eis kleng – et erkennt also jidderee wann ee sech bloussgestallt fillt. Interessant ass awer de Schluss, deen di Leit ronderëm eis doraus zéien. Eleng duerch de Fait datt een sech schummt, wierkt een op aner Persounen nämlech méi vertrauenswierdeg, méi sympathesch a méi generéis ewéi een deen äiskal ass a keng Reaktioun weist.

Schimmt hëlleft gesellschaftlech Normen anzehalen!
Ouni Schimmt wier keen normaalt a gereegelt Mateneen méiglech. Wa mir Mënschen eis nämlech fir näischt misste schummen, da géife mir eis all behuelen ewéi besoffen Hooligans – en Zitat aus dem Buch “Scham – die tabuisierte Emotion” vum däitsche Soziolog Stephan Marks. D’Schimmt hëlleft eis also net iwwerhieflech ze ginn a Rücksicht op eis Matmënschen ze huelen.

Wie sech schummt ass selbstkritesch!
Wann ee sech bloussgestallt fillt an ee ganz rout am Gesiicht gëtt, weist ee jo domat automatesch, datt ee seng Feeler zougëtt. A well mir jo wierklech net gär Feeler maachen, probéiere mir – ob bewosst oder onbewosst – un eis ze schaffen, fir datt esou eppes net méi virkënnt a mir eis net méi schumme mussen.

Experte si sech eens: Schimmt gëtt als Emotioun komplett ënnerschätzt. An dobäi hëlleft si eis zu engem bessere Mënsch ze ginn.