Et gi verschidde Meenungen, wann et drëms geet ob ee sech soll kussen um éischten Date oder net.

Et gi vill Grënn, wisou ee sech beim éischten Date net kusse wëll. Entweder well ee sech nach net sécher ass ob eng richteg Connectioun do ass, oder well een einfach léiwer nach e bësse waart an deen anere wëll besser kenne léieren. Verschiddener soen sech vun Ufank un, datt se kee Kuss wëlle fir kloer ze stellen, datt se et eescht mengen an net nëmmen op dat Eent eraus wëllen.

Natierlech ginn et och iwwer äifereg Leit, déi ouni ze zécken engem e Kuss ginn. E Kuss selwer kann awer vill iwwert een aussoen. Wéi gesäit et mat der Hygiène aus? Riicht een aus dem Mond oder schmaacht een nach, wat den Date fir d'lescht giess huet, ass dat net ëmmer esou attraktiv. Anerersäits seet e Kuss vill iwwert Chimie tëscht deenen zwee Leit aus. Fillt de Kuss sech waarm a gutt un an et kritt ee Päiperleken an de Bauch weess een, datt e klenge Fonken do ass.

Mir hunn an deem Sënn bei iech nogefrot: Wéi géift dir et maachen?