Ob eppes gutt schmaacht oder net, wat gutt schmaacht a wat net, doriwwer kann ee streiden. Mee wourunner läit et dass ee mam Alter een anere Goût huet?

Evolutiounsbedéngt hu mir eng Virléift fir Séisses a Salzeges. Béides ass, wéi och Fett, een Indice fir eng héich Energiedicht respektiv een héije Mineralstoffgehalt. Bei battere Liewensmëttel dogéint mellt eis Gehier eng Gefor. Saueres kéint een Indice op eppes Verduerwenes sinn. Eréischt am Laf vun eiser perséinlecher Weiderentwécklung léiere mir dës Geschmaachsqualitéite kennen a geziilt bei der Zoubereedung vu Liewensmëttel a Platen anzesetzen.

Als Kand huet ee grondsätzlech Séisses vill léiwer. Gutt Beispiller sinn de Kaffi an de Béier. Als Kand schmaachen se eis an der Reegel net, mir empfannen dat als ze batter. Eréischt am Laf vun eisem Liewe gefällt eis de Goût. Als jonke Mënsch gëtt de Béier nach mat Limonade oder Cola vermëscht, an de Kaffi mat vill Mëllech an Zocker. Et taascht een sech also sou lues un de reelle Goût erun. Erfarungswäerter spillen also eng grouss Roll.

De Grondstee fir eist Geschmaachsempfanne gëtt awer well vill mi fréi geluecht. Etüde weisen dass d’Ernierungsgewunnechte vu schwanger Fraen, Afloss op d’Virléifte vun hire Kanner hunn. Et fänkt also well am Bauch vun der Mamm un. Schonn do gëtt eist Geschmaachsempfanne gepräägt.

Wéi mir bestëmmte Geschmaachsrichtungen empfannen a wéi sech eise Geschmaach am Laf vum Liewen ännert, ass awer och een individuelle Prozess an u vill Facteure geknäppt. Erwaardunge beaflossen eis Perceptioun, Emotiounen an Erënnerungen . Och Motivatioune spille mat eng Roll wéi mir Iesse wouerhuelen a beurteelen. Och kulturell Effekter spillen eng Roll. Dofir ass et schwéier eng allgemeng Ausso ze maachen.

Lauschtert hei d'Reportage: