Leider héiert ee vill ze dacks, dass eng Koppel ausernee geet well een net trei war. Mee wien tendéiert dann hei am meeschte friem ze goen?

Wisou e Mënsch friem geet, ass eigentlech schwéier ze verstoen an och schwéier ze verurteelen. Et wëll ee sengem Partner net wéi doen an awer kënnt et bei ville Koppelen iergendwann eng Kéier dozou, dass een an iergendenger Form Erfarunge mat enger Affär sammelt, sief dat mat enger anerer Persoun ze knuutschen, schlofen oder ze schreiwen. Well d'Friem goen definéiert all Mënsch anescht.

Eng Partnervermëttlungssäit fir Fraen huet dem Fuerschungsinstitut "Ifop" eng Ëmfro an Optrag ginn. Hei sinn 1.000 Frae gefrot ginn, ob se schonn eng Kéier friem gaange sinn oder net. 30% hunn ugi schonn eng Kéier mat enger anerer Persoun geschlof ze hunn, wärend se an enger Bezéiung waren a 40% hunn ugi scho mol friem gekusst ze hunn.

Donieft sinn och nach Froe gestallt ginn ob se scho mol ''psychologesch'' friem gaange sinn. Dorënner fält zum Beispill wann ee beim Sex mat sengem Partner un en aneren denkt oder ob ee sech Sex mat engem anere wënscht. 33% hunn uginn, effektiv beim Sex schonn eng Kéier un en anere geduecht ze hunn a 50% soten se wënsche sech Sex mat enger anerer Persoun.

Wéini eng Persoun friem geet kann een net objektiv beäntwerten. An der Etüd ass just eraus komm, dass 37% vun de gefrote Fraen am éischte Joer vun der Bezéiung friem gaange sinn. Mee och 23% hunn uginn no 20 Joer déi éischt Kéier friem gaangen ze sinn an erschreckend ass et, dass 65% vun de Persounen uginn hunn de Säitesprong net bereit ze hunn.

Et ass just wichteg ze erwänen, dass hei nëmmen 1.000 Frae gefrot gi sinn an een dat net verallgemengere kann.

Lauschtert eran