Net nëmmen d'Hochzäit muss gutt iwwerluecht sinn, och wéi ee seng Dramfra freet.

Fir vill Mënschen ass den Dag vun der Hochzäit dee gréissten Highlight am Liewen. Schonn eleng de Wee dohinner ass net ëmmer ganz einfach. Wann een dee Wee packt, da steet enger Hochzäit näischt méi am Wee. Et feelt just nach ee Schrëtt an zwar d'Fro vun de Froen: Wëlls du mech bestueden?

Dass een déi Fro net einfach séier doheem um Kaffisdësch stellt, ass jo normal, ma wichteg ass hei scho mol déi richteg Ambiance a virun allem dee richtege Song.

Wann der ärer Häerzensdamm also d'Propos maacht, da kommt der quasi net laanscht U2 an ''With Or Without You''.

Et ass de perfekte Love-Song fir déi romantesch Stëmmung ze ënnersträichen.

An och den amerikanesche Sänger John Legend huet mat sengem ''All Of Me'' voll an d'Schwaarzt getraff.

De Song ass op sengem véierte Studioalbum opgetaucht an de Museker ass och selwer kuerz nom Release vum Album bestuet ginn.

An zu gudder Läscht nach en absolutte Klassiker. De Bryan Adams mat ''I Do It For You''.

Et ass dem Bryan Adams seng bescht verkaafte Single vun allen Zäiten an ass perfekt fir senger Damm d'Propos ze maachen.

Lauschtert eran