Iwwer d'ganz Welt sinn d'Auswierkunge vum Virus Covid-19 ze gesinn, mol méi mol manner drastesch. China trëfft et bei wäitem am schlëmmsten.

De Coronavirus ass weiderhin net an de Grëff ze kréien. Nodeems eng nei Method fir d'Infektiounsfäll ze Erfaassen an ze definéieren dozou gefouert huet, dass d'Zuel vun den Affer an den Infektiounen direkt massiv an d'Luucht gaangen ass, freet een sech, ob d'Ausmoosse vum Virus, deen an der Tëschenzäit den Numm Covid-19 dréit, net däitlech ënnerschat ginn ass. Als Konsequenz sinn an der Tëschenzäit jo och eng ganz Rëtsch Evenementer ofgesot, anerer ginn trotz dem Virus, deen sech rasant ausbreet bäibehalen.

Massiv Verloschter no Ofso vun MWC
Zu Lëtzebuerg ass deen éischten Awunner, deen aus Wuhan rapatriéiert gouf jo a Quarantaine, ma soss ass et hei nach relativ roueg bliwwen, och wat déi preventiv Mesuren ugeet.

De Mëttwoch den Owend huet dogéint awer den Organisateur vun der weltgréisster Mobilfunkfoire MWC zu Barcelona d'Event ofgesot. Dat huet eleng d'Organisateure ronn 100 Milliounen Euro kascht, dora sinn d'Verloschter fir Hotellen a soss Entreprisen nach net mat agerechent. D'Organisateuren hunn de Schratt domat begrënnt, dass grouss a wichteg Aussteller hir Participatioun zeréckgezunn hunn.

Olympesch Spiller sollen ausgedroe ginn
Ma och op sportlechem Plang goufen d'Konsequenze gezunn. Grouss Fussballsmatcher, z.B. fir dat chinesescht Championnat goufe bis op Weideres ofgesot oder an aner Länner verluecht. Dat selwecht och fir d'Boxen, d'Schwammen, den eSport an eng ganz Rëtsch aner Sportaarten.

Och d'Formel-1-Rennen zu Shanghai den 19. Abrëll gouf ofgesot. De japaneschen olympesche Comité huet awer ugekënnegt trotz der Ausbreedung vum Virus un de Spiller vum 24. Juni bis den 9. August festzehalen.

Bilan klëmmt däitlech bannent 24 Stonnen
Iwwerdeems ass wéinst der neier Erfaassungsmethod d'Zuel vun den Doudegen a China op iwwer 1'300 geklommen. Eleng den Donneschdeg koumen 242 Doudesaffer a 14'840 Neiinfektiounen an der Provënz Hubei dobäi, domat sinn elo a China iwwer 60'000 Persoune mam Virus infizéiert.

Nëmmen dräi Doudesaffer sinn iwwerdeems ausserhalb vu China ze bekloen, dat op de Philippinnen, a Japan an zu Hong Kong.

D'WHO huet sech donieft zu Genf mat Bléck op d'Situatioun virsiichteg gewisen a kee Grond zu ze optimistesche Previsioune ginn. Et wier nach ze fréi fir ze soen, a wéi engem Stadium sech d'Epidemie géif befannen.