De richtege Beruff, dee passende Stage oder déi perfekte Léierplaz fannen. Dir wësst net, wou ufänken? Dann ass "Deng Zukunft, däi Wee" dat Richtegt.

Et ass eng vun de méi schwéieren Decisiounen, déi een a sengem Liewen huele muss an heiansdo muss een och puer Mol doduerch: de richtege Choix vum passenden Job. Genee dat hu sech wuel och d'Organisateure vun der Foire "

" geduecht an dësen Event viru 4 Joer an d'Liewe geruff.

Lauschtert eran!

Et kann ee sech et esou virstellen, datt d'Foire eng Aart Vermëttler ass, esou d''Jessica Leuck vum

am Eldo-Interview: "D'Zil ass et, dee Jonken ze ënnerstëtze bei engem Sprong a Richtung Aarbechtswelt. Et ass eng Aart Melting Pot u Méiglechkeete fir déi Jonk. Dëst Joer hu mer 40 Stänn, déi present sinn. Et sinn haaptsächlech grouss lëtzebuergesch Betriber."

Déi Jonk huelen hei den éischte Kontakt mat der Beruffswelt op, ma net just fest Aarbechtsplaze ginn ugebueden. D'Offere gi queesch duerch de Gaart: Léierplazen, Formatiounen, Ausbildungen. Och wann ee sech als Volontaire fir e Benevolat engagéiere wëll ass een op der Infobourse richteg.

D'Jessica Leuck: "Schoul, Stagen, Formatiounen, Léierplazen a Beruffsméiglechkeeten. An anerersäits hunn déi Jonk awer och d'Méiglechkeet aktiv u Workshoppen deelzehuelen. Oder Workshoppen a Punkto Virstellungsgespréicher, Lettre de motivatioun a CVen." Et kann ee CV oder Zensur direkt matbréngen, et ass awer kee Muss. Ganz wichteg fir déi Responsabel: Déi Jonk an hirem éischte Schratt a Richtung Aarbechtswelt ënnerstëtzen.

Kënnt een zum Beispill eleng a fillt sech e bësse verluer si speziell Leit a gielen T-Shirten op der Plaz, déi engem hëllefen, sech z'orientéieren: "E Buddy-System, dat heescht, wann een ukënnt an e bësse verluer ass, net weess, wou soll ech elo fir d'éischt hinner goen oder wou fannen ech wéi eng Informatioun, da kann een ëmmer déi Leit uschwätzen. Si hunn e gielen T-Shirt u wou iwwert der Broscht 'ask me' steet."

Nieft all de Patronen a Servicer fënnt een och eng Tafel, op där aktuell Offeren ugebuede ginn. Eng 40 Betriber sinn op der Plaz, déi scho lescht Joer gutt 500 Leit ugezunn hunn. Op esou ee Succès hofft een natierlech och dëst Joer. D'

ass den 19. Februar vun 9 Auer 30 bis 17 Auer an der Sportshal zu Beetebuerg.