Nei Woch, neie Stau. Esou gesäit et bei ville moies grad esou wéi owes aus. Ma fir de beschten Job vun der Welt, wéi vill Kilometer géif dir fueren?

Stau. Stau. Stau. Esou faasse wuel verschidde Leit de ganz normalen Alldag hei am Land zesummen. Och wann ee just e puer Kilometer vun der Aarbechtsplaz ewech wunnt, ka sech dat schonn zu engem méi laangen Erliefnis entwéckelen – ganz séier brauch ee fir 20 Kilometer annerhallef Stonn! Kloer, dass dat un d'Nerve geet an een am léifsten doheem bliwwe wier.

Lauschtert eran!

Ma wéi vill Kilometer géif dir fir ären absolutten Dramjob op iech huelen? Eng Online-Etüd aus dem Januar huet genee dat eng Partie Éisträicher gefrot. Erauskoum, datt gutt een Drëttel all Dag 100 Kilometer fuere géif, wann um Zil den absolutten Dramberuff waart. 30% vun de Befrote wiere bei 20 bis 60 Kilometer dobäi, all Aachte géif souguer bis zu 140 Kilometer fueren.

Alles wat doriwwer geet ass fir déi meeschten awer net méi virstellbar an net mam Privatliewen ze vereenen: Nëmmen 3% vun de Befrote sot, datt si fir hiren Dramberuff all Dag 200 Kilometer fuere géifen. Och sinn et éischter d'Männer ewéi d'Fraen, déi dozou bereet wieren. All 4. Mann géif méi wéi 140 Kilometer zeréckleeën, bei 30% vun de Frae läit de Maximum bei 60 Kilometer.

Allgemeng sinn et déi méi Jonk déi bereet sinn, fir déi beschten Aarbechtsplaz vun der Welt och méi laang ënnerwee ze sinn. Et ass natierlech bei jidderengem ganz anescht: Deenen enge mécht et net vill aus, laang Strecken op sech ze huelen. Anerer kënnen dat guer hunn. Ma wat awer och ze bedenken ass: Brauch ee fir 5 Kilometer 30 Minutten, ass et eng ganz aner Saach.