4 Schülerinnen aus dem Lycée Robert Schuman produzéieren ënnert dem Numm "Bee-Clear" nohalteg Naturkosmetik!

D’Beiestierwen an den exzessive Gebrauch vum Plastik – Dat sinn zwee Problemer op déi 4 Schülerinnen aus dem Robert Schuman wëllen opmierksam maachen. Am Kader vun hirer Mini-Entreprise Bee-Clear stellen d'Schülerinnen, an Zesummenaarbecht mat "Atelier Protegéen", Naturkosmetik hir. D’Ingredienten op déi d’Schülerinnen zeréckgräife leien am Numm: "Bee", den engleschen Numm fir Bei, steet fir de Beiewuess, deen d’Basis vun de Produiten ass. "Clear", iwwersat reng, steet deemno fir déi ausschliisslech natierlech Ingredienten déi an der Produktioun benotzt ginn.

Momentan gëtt sech haaptsächlech op Balsame konzentréiert, et géif ee sech awer de Wënsch vun de Clienten upassen. D'Zil wär et nieft der lokaler an ëmweltfrëndlecher Produktioun a Verpackung, nämlech och de Clienten hiren Alldag ze vereinfachen.

Déi 4 hu sech d'Fro gestallt wat d'Leit am Alldag plot a sinn op Problemer wéi Réckewéi, eng zouen Nues oder Hautirritatioune komm. Mat Hëllef vun ethereschem Ueleg kann ee géint dës alldeeglech Boboen ukämpfen, oder se op alle Fall verbesseren. Mat Peffermënz léisst sech deemno e Balsam kreéieren, dee gutt fir d'Otemweeër ass - mat Lavendel kann een de Schülerinnen no de Muskelkater verkierzen.

Am Moment kann een tëscht 3 Balsame wielen, antibakteriell, antifungal an antiviral si se awer alleguer.

Lauschtert eran