En Dënschdeg den Owend ass et nees esou wäit. Da gëtt hei zu London dee wichtegste Musekspräis aus Europa verginn, nämlech d’Brit Awards 2020.

An der O2 Arena wärt sech den Who is Who vun der international Musekszeen versammelen, an der Hoffnung mat deem eng oder anere Präis heem ze goen. Besonnesch vill Hoffnungen maachen däerfen sech do de Lewis Capaldi an de Rapper Dave, déi alen 2 gläich 4 Mol nominéiert sinn. Awer och fir d’Mabel an de Stormzy gesäit et mat 3 Nominatiounen net schlecht aus.

Lauschtert hei de Reportage:

E klengen Indice wie bei de Brit Awards gewanne wäert, liwwert normalerweis d’Lëscht u Kënschtler, déi deen Owend selwer optriede wäerten. Dëst Joer trieden awer souwuel de Lewis Capaldi an den Dave, ewéi och d’Mabel an de Stormzy op. Dat heescht et bleift weiderhi spannend wie gewanne wäert.

De groussen Highlight vum Owend wäert awer sécherlech den Optrëtt vum Billie Eilish sinn, dat fir d’alleréischte Kéier deen neie Bondsong “No time to Die” zum beschte gëtt. Niewebäi ass hat dann och nach an der Kategorie “International Female Solo Artist” nominéiert. No senge 5 Grammien déi et virun e puer Woche gewonnen huet, kéint hat also direkt nees mam nächste Präis heemgoen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter