Home Office ass ee vun de groussen Trends 2020 an ëmmer méi Leit spille mam Gedanke vun Doheem aus ze schaffen. Ma et muss awer gewosst si wéi.

Den Home Office gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift. Rezenten Eurostat-Zuelen no leie mir am EU-Verglach souguer op enger 3. Plaz. Deemno schaffe gutt

an der Reegel vun Doheem aus. Schwätzt ee mat anere mierkt een, datt den Télétravail definitiv en Thema ass: manner Stress a virun allem besseren Zäit-Management. Et bréngt Virdeeler mat sech, ma et gëllt awer op e puer Saachen opzepassen.

Lauschtert eran!

Home Office heescht net de ganzen Dag am Bett leien ze bleiwen. Et kann een et och esou maachen, mee déi meescht wëssen aus Erfarung, datt dat net vill bréngt. Besser ass et den Dag esou ze starten, ewéi wann een op d'Aarbecht géif fueren: Mam Wecker opstoen, eng Dusch huelen, zu Moien iessen. Och schaffe vun Doheem aus brauch vun Ufank u Struktur.

Doheem brauch et nach méi Disziplin an Organisatioun ewéi am Büro. A wéi bréngt ee méi Uerdnung a säi Liewen? Richteg, mat enger To-Do-Lëscht. Egal op digital oder op engem Blat Pabeier, esou eng Lëscht hëlleft fokusséiert ze bleiwen an den Iwwerbléck ze behalen. A mat all Häkchen fillt ee sech besser an et mierkt een, wat ee schonn esou erreecht huet.

Vun Doheem aus schaffen heescht och, datt een erreechbar muss sinn: Et ass net wéi weekends oder nom Feierowend, datt een den Handy op d'Säit leet an net méi op aarbechtsrelevant Saachen äntwert. Onnéideg E-Maile sollten och evitéiert ginn. Am beschten ass direkt unzeruffen, esou weist een, datt een do ass an d'Saachen direkt ugeet a viru komme wëll.

Och wann d'Bett oder d'Couche net déi ideal Aarbechtsplaze sinn, soll de Büro trotzdeem bequem sinn. Evitéiert ze vill Kaméidi a riicht iech eng Plaz an, déi roueg a cozy ass – dat Bescht um Home Office ass, datt ee säi Büro genee esou gestallte kann, ewéi ee wëll. Aarbecht a Fräizäit ze trenne ka beim Home Office schwéier ginn, ma awer gëllt et Pausen anzeleeën.

Entweder fir eppes z'iessen, en Tour dobaussen ze maachen oder e Buch ze liesen. Dat schéinst um Home Office ass, datt een och Rendezvouse wouerhuele kann, déi ee soss op de Weekend huet misste verréckelen. Eppes duerf net vergiess ginn: Et ass nach ëmmer d'Schaffzäit, heescht, wann een den Dag iwwer méi Privates mécht, muss een owes méi laang um Pult sëtzen.