Eng plastiksfräi an natierlech Verpackung fir méi Nohaltegkeet - Dat ass d'Zil vu 7 Schüler aus der École Privée Sainte Anne

Praktesch, nëtzlech a virun allem nohalteg – Esou léisst sech de Produit vun der Mini-Entrepise Bee-Io beschreiwen. Insgesamt besteet dëse Projet aus 7 motivéierte Schüler, am Eldo-Interview waren d’Daria, d’Bella an d’Vera, déi eis erkläert hu wat d’Zil vun hirer Mini-Entreprise ass.

Hei gi Beiewuess-Dicher aus 100%eg biologeschem Beiewuess produzéiert, dat mat Hëllef vu lokale Fournisseuren.

Op d’Iddi sinn d’Schüler komm nodeems si sech d’Fro gestallt huet wéi een d’Problematik vun der Ëmweltbelaaschtung am alldeegleche Liewe bekämpfe kann. Ee Schrëtt wär op ëmweltbelaaschtend Verpackungen ze verzichten. Alu- a Plastikfolie sinn nämlech net just ëmweltschiedlech wëllen e se just ee Mol benotzt an da ewechgeheit, mee verbrauchen och schonn an der Produktioun immens vill Energien.

Benotzt een d’Beiewuess-Dicher fir säin Iessen anzepaken oder Liewensmëttel ofzedecken, mécht een deemno eppes fir d’Nohaltegkeet. Dës ginn op natierlech Art a Weis hiergestallt an et kann ee se, wann ee se nees propper mécht, ëmmer nees benotzen.

Lauschtert eran

D’Präisser vun de Produite vu Bee-Io variéiere jee no Gréisst tëscht 3 a 5 Euro.