Léiwer keng Bezéiung wéi eng ze hunn an net frou ze sinn. Enger Etüd no ass een ouni Partner besser drun.

Eng Persoun déi net an enger Bezéiung ass, bedeit net automatesch, dass deejéinegen net glécklech ass. Et gi ganz vill Leit déi ouni eppes Festes zimlech gutt eens ginn, wann net esouguer besser an och méi zefridde sinn.

Eng Etüd am ''Journal of Social and Personal Relationships'' huet erausfonnt, dass Singele vill besser an hiert soziaalt Ëmfeld integréiert sinn, wéi Mënschen an enger Bezéiung oder engem Bestietnis a wieren och dofir dacks méi glécklech.

Eng Persoun, déi ouni Partner lieft ass logescherweis och vill méi flexibel. Sief et e spontane Besuch am Kino mat de Kolleegen, eng spontan Soirée an der Disco déi bis mueres fréi geet oder déi verréckt Iddi einfach emol fir e puer Deeg eleng an d'Vakanz ze goen. Zu dësem Fazit kommen och d'Fuerscher, déi an enger Meta-Etüd déi perséinlech Donnéeën an Aschätzunge vun US-Amerikaner verglach.

Deemno hale Singele vill méi dacks de Kontakt zu anere Leit oprecht, wéi zum Beispill Kolleegen a sinn och méi hëllefsbereet wéi Persounen déi verginn oder bestuet sinn.

Natierlech muss een heizou och soen, dass een an enger Koppel muss Kompromësser agoen. Et ass ganz normal, dass een net méi all Weekend mat de Kolleegen um Tour ass. Net normal ass et allerdéngs wann ee guer néierens méi geet an dat obwuel een als Single vill a gär ënnerwee war. Hei gëllt et e gudde Mëttelwee ze fannen tëscht senge Kolleegen a sengem Partner.

Der Etüd no, sinn et also d'Singelen déi méi glécklech an zefridde sinn. Déi, déi hiren Drampartner nach net fonnt hunn, hunn also all Grond opzeootmen a positiv ze denken.

Lauschtert eran