Enger aktueller Etüd no wäerten sech déi "nohalteg" Transportmëttel a Groussstied scho bannent engem Jorzéngt duerchsetzen.

An den nächsten 10 Joer wäert sech de Verkéier an de Groussstied radikal veränneren. Virun allem wäert d’Fortbeweegung ganz ouni Motor boomen. Dovunner geet d’Etüd „Mobility Futures“ vum Fuerschungsinstitut Kantar aus.

Et ass sécher keng Iwwerraschung, dass den Autosverkéier a Groussstied an den nächste Joren zu Gonschte vum Vëlos- a Foussverkéier zeréckgoe soll. Enger Etüd vun Deloitte aus dem Januar no soll sech an den nächsten zwee Joer déi weltwäit Zuel vun de Beruffspendler, déi de Wee mam Vëlo zeréckleeën, op d’mannst verduebelen. Och d’Etüd „Mobility Futures“ vum Fuerschungsinstitut Kantar kënnt zu engem änleche Resultat.

Iwwerrascht sinn d’Fuerscher awer wéi séier den erwaarte Verkéierswandel komme soll. Dat soll deemno am Joer 2030 gescheien. Bis dohi solle privat Autostrajeten an de gréisste Stied vun der Welt ëm 10 Prozent zeréckgoen.

Fir de Wandel wier d’Weltpopulatioun déi ëmmer méi al gëtt, wéi och de Carsharing, d’Scooteren an d’Opkomme vun autonomen Autoe responsabel. D’Mëschung doraus suergt dofir, dass de Bedarf, selwer een Auto ze besëtzen, erofgeet.

Konkret rechnen d’Fuerscher domat, dass den Undeel vum Auto an den zeréckgeluechten Trajeten a Groussstied vun 51 op 46 Prozent erofgeet. D’Notze vum Vëlo soll dofir ëm 18 Prozent an d’Luucht goen. Och zu Fouss goe soll ëm 15 Prozent klammen. Beim ëffentlechen Transport rechnen d’Fuerscher nëmme mat engem Plus vu 6 Prozent. Dozou passt, dass aktuell 43 Prozent vun deenen déi den ëffentlechen Transport notzen, op een anert Verkéiersmëttel ëmklamme wëllen. Bei den Automobiliste wier et méi wéi all Drëtten, dee säin Auto stoe géing loossen.

Am weltwäite Mobilitéitsindex läit iwwregens Berlin ganz vir. Dësen Index weist, wéi dicht d’Verkéiersnetz ass, wéi vill den ëffentlechen Transport kascht, a wéi vill Mënschen een Auto besëtzen. München kënnt hei op déi 5. Plaz, hannert Auckland, Moskau an New York.

Wat den Sharing-Index betrëfft, do läit Berlin op der éischter Plaz a München op der Zweeter, viru Singapur a Peking. Manchester wäert der Etüd no déi gréisste Verännerung duerchmaachen, an Amsterdam wäert et am einfachsten hunn.

Am Ganze goufen 31 Groussstied fir d'Etüd ausgewäert. Si baséiert op méi wéi 20.000 Interviews mat Bewunner aus dëse Stied an Interviews mat Mobilitéitsexperten. Zil vun der Etüd ass et, als Informatiounsgrondlag fir d'Plangen an d'Entwécklung vum Verkéiers op der ganzer WElt ze déngen an zur Entwécklung vu Geschäftsstrategien fir nei a bestoend Akteuren am Verkéiers- a Mobilitéitssecteur bäizedroen.