All Dag muss een e sëllegen Decisiounen huelen, verschiddener si liicht, anerer brauchen eng Bedenkzäit. Des Tipps kënnen iech dobäi hëllefen!

Onofhängeg handelen

Macht iech fräi vun äussere Facteuren, déi är Decisioun beaflosse kéinten. Et geet schonn duer, e puer Stonnen aus dem gewinnten Ëmfeld auszebriechen, fir iwwert är Wënsch, Interessen an Zieler nozedenken. Probéiert, iech vun den Erwaardungen vu Frënn  a Famill ze léisen, an erkennt, wat iech wichteg ass.

Een Ziel hunn

Een Ziel verréit engem oft schonn am Virfeld, wouhin d’Rees soll goen. Wat wëllt dir am Liewen erreechen? Wat ass är grouss Leidenschaft?  Wat ass iech wichteg? Ween op des Froen äntwere kann, kann och méi liicht Decisiounen huelen.  

Gutt gelaunt decidéieren

Decisiounen sinn an der Reegel besser, wa si mat gudder Laun geholl goufen. Negativ Gefiller suergen oft fir negativ Decisiounen.

Eng Nuecht driwwer schlofen

Gutt Decisiounen ginn dacks am Schlof geholl, well dee Moment och eng Roll spillt. D’Ënnerbewosstinn ka komplex Situatiounen nämlech oft besser begräifen wéi de Verstand, vrun allem wann dee parallel nach mat anere Saache  beschäftegt ass.

Keng Angscht virun Neiem

Vill Mënschen hunn Tendenz, op vertraut Optiounen zréck ze gräifen an Neies z’evitéieren. Dat Vertraut fillt sech manner riskant un, och wann et rational vläicht genee de Géigendeel bedeit. Just wann een och mol eppes Neies wot, kann een am Liewe wieder kommen.

Sech falsch Entscheedungen verzeien

Wann een eng falsch Decisioun geholl huet, soll een net doru verzweiwelen. Schlecht Decisiounen huet wuel jidderee scho mol geholl. An och eng falsch Decisioun kann heiansdo nei Dieren opmaachen, mat neie Méiglechkeeten, un déi ee vläicht nach guer net geduecht huet.