E Ranking vun deene beschte Flughäfe gëtt et jo schonn, ma elo ass och esou ee Ranking vun deene beschte Garen opgestallt ginn.

Ween op säi CO2-Ofdrock oppasse wëll, dee verzicht op Fliger oder Auto fir an d'Vakanz ze fueren. Den Zuch ass hei dat Transportmëttel dat am CO2 neutraalsten ass. Esou ass et dann och normal, dass déi Verantwortlech d'Reese mam Gefier op Schinnen esou angeneem ewéi méiglech maache mussen.

D'Non-Profit-Organisatioun "Consucer Choice Center" huet elo e Ranking vun deene passagéierfrëndlechste Garen aus Europa opgestallt. Hei ass no ganz bestëmmte Kritäre gekuckt ginn, wéi zum Beispill d'Direktverbindungen, Deeg op deene gestreikt gëtt, Barrièrefräiheet, Hygiène, Shopping-Méiglechkeeten a Restauranten.

Mat der däitscher pingeleger Mentalitéit, ass et also net verwonnerlech, dass an den Top 10 ganzer 5 däitsch Stied sinn. Et sinn awer nach aner Länner déi sech do gutt placéiert hunn.

TOP 10

1. London - St. Pancras
2. Zürich - Hauptbahnhof
3. Leipzig - Hauptbahnhof
4. Roum - Roma Termini
5. München - Hauptbahnhof
6. Hamburg - Hauptbahnhof
7. Berlin - Hauptbahnhof
8. Mailand - Hauptbahnhof
9. Moskau - Kasaner Bahnhof
10. Frankfurt am main - Hauptbahnhof

Wann der also an Zukunft mam Zuch wëllt duerch Europa reesen, dann ass dat hei scho mol e gudden Usaz fir ganz agreabel a Klimafrëndlech ze reesen.

Lauschtert eran