Verschidde Cover-Songs si besser, respektiv méi bekannt wéi d’Original.

An der Schoul kritt ee verbueden, vum Noper ofzeschreiwen. An der Museksbranche- do däerf een awer coveren. An heiansdo kënnt och eppes richteg Guddes dobäi eraus.

„Lady Marmelade“ vum Missy Elliot, Mya, Lil Kim, Pink a Christina Aguilera – am Original vum LaBelle

An de 70er Joeren huet d‘Girl-Group LaBelle de Song „Voulez-vous coucher avec moi c’est soir?“ eraus bruecht an et op Plaz 1 vun den Charts gepackt. Wann een awer haut un dat Lidd denkt, dann huet een automatesch d‘Performance vu Christina Aguilera a co virun An? Dat de Song 2001 fir de Film „Moulin Rouge“ gecovert huet.

„Respect“ vum Aretha Franklin – am Original vum Otis Redding

De Soulsänger Otis Redding hat am Joer 1965 den Titel „Respect“ eraus bruecht –am Text goung et drëm, dass hie Respekt an Unerkennung vu senger Fra erwaart, wann hie vun der Aarbecht heem kënnt. Dem Aretha Franklin seng Cover-Versioun ass textlech op eng Fraeroll ëmgeschriwwen, déi Respekt vun hirem Mann erwaart. Domat gouf d’Aretha  Franklin zur Stëmm vun der Fraebeweegung an den USA an huet den Otis Redding bei wäitem iwwertraff.

„Nothing Compares 2 U“ vum Sinéad O’Connor – am Original vum Prince

An och den Titel „Nothing Compares 2 U“ wier ni sou berüümt ginn, wann d‘Sinéad O’Connor en net am Joer 1990 gecovert hätt. Dee Song staamt eigentlech vum Prince. Mee eréischt d‘Sinéad O’Connor huet d’Lidd zu engem international erfollegräiche Song gemaach.

„With a little Help from my Friends“ vum Joe Cocker – am Original vun The Beatles

Den Joe Cocker huet de Beatles-Song „With A Little Help From My Friends“ am Joer 1968 gecovert an domat een Nummer-1-Hit gelant. D’Original vun de Beatles war net mol als Single eraus komm. Dem Joe Cocker seng Stëmm ass eben einfach méi imposant -  a vrun allem säin Optrëtt um Woodstock Festival huet d‘Original em Längten iwwertraff.