Egal ewéi ee Verkéiersmëttel, verschidde Leit gëtt ëmmer schlecht, esou bal et an d'Vakanz geet.

D'Virfreed ass grouss, et geet nämlech endlech nees an d'Vakanz. Ma knapps ënnerwee, sëtzt ee scho mat der Tut am Grapp do a mengt et géif een de Wee net ganz iwwerliewen: Et kann engem einfach esou schlecht ginn oder wann ee grad am gaangen ass mat Liesen oder de falsche Wee am Bus oder Zuch sëtzt. Ass dat bei iech de Fall sidd dir vun der sougenannter Reeskrankheet geplot.

Lauschtert eran!

Riets geet vun e puer Symptomer, déi optrieden - an eis zu Momenter reegelrecht quälen – wann ee mat Auto, Zuch, Bus, Fliger oder och Schëff ënnerwee ass. Dacks muss ee sech iwwerginn, et huet ee ferm Kappwéi, de Bols- an Häerzschlag ass op 100 an hyperventiléieren ass keng Seelenheet. Feststeet: Et geet engem miserabel an et ass ee frou, wann een ukomm ass.

Honnertprozenteg konnt de Phenomen nach net erkläert ginn, ma et hänkt domat zesummen, datt eist Gehier widderspréchlech Signaler wouerhëlt. Wa mer zum Beispill am Auto liese mellen eis Aen dem Gehier, datt ma net a Beweegung sinn. Eisem Gläichgewiichtssënn am Ouer gëtt awer eppes aneres signaliséiert: Den Auto beweegt sech an dat gëtt eisem Gehier matgedeelt.

Och wann et ënnerschiddlech Beweegunge sinn – déi mam Ae ginn als méi séier ewéi déi vum banneschten Ouer wouergeholl, trëtt dësen Effekt op. Eise Kapp gëtt duercherneen an eis Sënner sinn am Ongläichgewiicht. D'Symptomer verschwannen dacks no e puer Stonnen nees, ma et kann een awer am Virfeld op e puer Saachen oppassen.

Wéi bei villem hëllefen och hei Otemübungen: Déif, laang an haart an- an ausootmen. Donieft ass de Bléck no vir wichteg, egal op an Auto, Bus oder Zuch. Esou ginn d'Ae mam banneschten Ouer synchroniséiert. Hëlleft alles näischt dann d'Aen zou maachen, esou fält déi visuell Komponent ewech an et ass just nach d'Ouer, dat Signaler un eist Gehier weidergëtt.