Fir déi 4. Kéier gouf d'Infobourse organiséiert, dës Kéier zu Beetebuerg.

Den direkte Kontakt mat Patronen an Entreprisen ass net ëmmer als Schüler oder Student einfach hierzestellen. Fir dësen awer ze vereinfachen, war dëse Mëttwoch zu Beetebuerg an der Sportshal déi 4. Editioun vun der regionaler Infobourse "Deng Zukunft - Däi Wee" organiséiert ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Zil vun dëser Foire ass et fir déi Jonk tëscht 15 an 30 Joer, déi an der Beruffswelt wëllen aktiv ginn, ënnert d'Äerm ze gräifen. Dat Ganzt gouf vum Service national de la jeunesse, de lokalen Antennen fir Jonker a vum Point Info Jeunes organiséiert.

D'Christelle Kodische, Responsabel vum Point Info Jeunes Esch, ënnersträicht d'Wichtegkeet vun dëser Foire. Et wier keng allgemeng Bourse, mee den Event ass spezifesch fir Jonker an d'Liewe geruff ginn. Et kéint een de Jonken esou prezis Informatioune ginn.

46 Stänn ënner anerem déi vun der Chambre de Commerce, der Chambre des métiers an der Police konnt ee besichen. Dës wiesselen sech all Joers of well och déi respektiv Gemengen a lokal Acteure vertruede sinn. Et kritt een also bei all Editioun eppes Neies ugebueden.

D’Responsabel vum Stand vun der Fluchversécherungsverwaltung huet eis verroden wat fir eng Froen déi Jonk am meeschte stellen. Well d’Gemeng all Joers wiesselt, ass nach net gewosst wou déi 5. Editioun wäert sinn. Wat awer sécher ass, ass dass d’Foire nach eng laang Zukunft huet.

Mir waren e Mëttwoch op der Plaz an hunn déi Jonk gefrot wat si vun dëser Foire halen an ob si eppes Konkretes fonnt hunn.

Lauschtert d'Reaktioune vun deene Jonken!