Vum 1. Mäerz u bezilt een zu Lëtzebuerg fir Bus, Zuch an Tram näischt méi, ob d'mannst fir déi regulär Servicer.

Vum 1. Mäerz un ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg offiziell gratis, ob d'mannst bezuele mir net direkt dofir, natierlech awer iwwer steierlech Ëmweeër. Elo gëllt d'Gratuitéit jo fir jiddereen, dee sech hei um Lëtzebuerger Gebitt wëllt fortbeweegen an awer ass dat net ganz richteg, respektiv et ginn Aschränkungen.

An éischter Linn eng sozial Moossnam
Wëll ech elo, firwat och ëmmer vun Diddeleng op Dikrech, da klammen ech an de Bus, duerno an den Zuch a kuerz drop sinn ech do. Dat Ganzt ouni en Ticket mussen ze huelen, eng Kaart musse prett ze hunn oder en Abo musse virzeweisen.

Et soll éischter eng sozial Mesure sinn, dat ass ëmmer erëm ënnerstrach ginn, grad och als Äntwert op d'Kritik, dass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg muss méi attraktiv an effektiv ginn an dass d'Gratuitéit nëmmen eng Drëps op de waarme Steen ass. Ma dat ass eng aner Geschicht.

Keng Remboursementer vun Ticketen an Aboen
Fir d'Pendler, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen ännert sech natierlech och eppes, well si zwar weider musse fir den ëffentlechen Transport an hirem Land bezuelen, wann se awer bis iwwer d'Grenz fueren och fir si Bus, Zuch an Tram gratis sinn. Dofir goufen extra Tariffer fir Frontalieren ausgeschafft.

Och déi, déi am Zuch an der 1. Klass fueren, déi musse weider bezuelen. Hei ginn et keng Ännerungen oder Reduktiounen. Ticketen, déi bis elo net genotzt gi sinn, wäerten iwwerdeems net rembourséiert ginn, dat selwecht fir d'Abonnementer, déi nach nom Mäerz gutt wieren.

An der Tëschenzäit ass dann och kloer, dass och den Adapto-Service, also den Transport fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, wäert gratis ginn. Dofir muss dann awer eng nei Kaart ugefrot ginn, de Formulaire dofir ass op adapto.lu a guichet.lu ze fannen.

41 Milliounen Euro falen ewech
Wat d'M-Kaart ugeet, déi sollt ee villäicht awer elo net direkt ewechgeheien, se bleift nämlech weider fir Trajeten an der 1. Klass, iwwer d'Grenz eraus oder fir d'mBox, den Zougank zu verschiddene P+Ren, d'Chargy-Statiounen, de Carsharing vun den CFL an de Vël'OK am Süde vum Land néideg.

An da kann een awer och nach iwwer d'Käschte schwätzen, déi dat Ganzt Lëtzebuerg kascht. 41 Milliounen Euro d'Joer aus dem Verkaf vun Tickete falen ongeféier ewech. Dat si ronn 8% vun de 500 Milliounen, déi den ëffentlechen Transport de Momnet kascht- an nëmmen e Brochdeel vun deem wat an den nächste Joren u Milliarde sollen investéiert ginn.