Eigentlech ass et den Elteren hir Responsabilitéit ob Fotoe vun hire Kanner op soziale Medie gepost dierfe ginn oder net. Mee wat soen d'Kanner?

Wéi kéint een dat Thema am beschten reegelen, d'Kanner sinn nach ze jonk déi sozial Medien ze verstoen oder hiren Accord ze gi fir Fotoen ze posten. A wat, wann d'Kanner spéiderhin dogéint wären oder verschidde Fotoen einfach peinlech fannen?

Jidderee weess: Wann eppes eng Kéier am Internet lant, kann een dat ëmmer nees erëmfannen.

U wat een nach denkt bei Kanner-Fotoen op soziale Medie si Pedophiller, déi dës Fotoe sammelen an déi a pornographesche Sënner benotzen oder weiderschécken. Och kënne Fotoen egal vu wiem op anere Säite benotzt ginn ouni datt een eppes dovu matkritt. Dat muss ee sech souwisou bewosst sinn, a wann ee Fotoen op de soziale Medie post a méi vu sech präis gëtt, kann et virkommen, datt di Fotoe weiderverschéckt ginn.

Trotzdeem huet hautesdaags bal jiddereen iergendeen soziale Medien-Account. Mir posten all Fotoe vun eisem Alldag, Kolleegen a Famill inclus.

Wat haalt dir dovunner wann Eltere Fotoe vun hire klenge Kanner an de soziale Medie posten ouni hiert Averständnis? Genee dat hu mir iech gefrot an hei sinn d'Äntwerten:

Kanner-Fotoen op de sozialen Netzwierker?