4 Experte wäerten am Mäerz iwwer d'Thema Psychos schwätzen. Eng wichteg Campagne, wann ee bedenkt, dass d'Krankheet ronn 1% vun der Bevëlkerung betrëfft.

Ee Prozent, esou vill Leit sinn der WHO no vun enger Psychos betraff. Ee Prozent kléngt net no vill, ma rechent een et op Lëtzebuerg ëm, da wieren et 6'000 Leit, déi mat enger Psychos ze kämpfen hunn. Dobäi kommen hir Familljen an hire ganzen Ëmkrees, dee mat ënnert den Auswierkunge leit. An trotz dëser dach héijer Zuel u Betraffene gëtt kaum iwwer d'Thema geschwat, an dat huet verschidde

.

D'Mady Juchem:

Et ass wichteg, dass iwwer d'Thema Psychos geschwat gëtt, ma allgemengt feelt et un Opklärung, un Encadrement an un Ënnerstëtzung. Dat sot d'Mady Juchem, Vizepresidentin vun der

, der Associatioun fir d'Famillje vu Persoune mat enger Psychos, de leschten Oktober am Kader vum Weltdag vun der mentaler Gesondheet.

D'Mady Juchem:

A fir dorun eppes ze änneren huet d'AFPL fir déi 4. Kéier eng Sensibiliséierungscampagne iwwer d'Psychos zu Lëtzebuerg organiséiert. 4 Experten aus dem Ausland wäerten do hir Siicht op d'Thematik beliichten. Dat de 16., de 17., den 18. an den 20. Mäerz all Kéier vun 18.30 Auer bis 21.00 Auer am Novotel um Kierchbierg.

D'Mady Juchem:

Et ass den Organisateure wichteg och nei Usätz a Resultater aus der Recherche mat anzebezéien. Dofir gouf dëst Joer d'Konzept am Verglach mat deene Jore virdrun, an deenen nationalen Experten ageluede goufen, geännert.

D'Mady Juchem:

A well et drëms geet, fir dass d'Thema, dat dacks en Tabu ass ëffentlech diskutéiert gëtt, sinn d'Virträg natierlech fir all Mënsch op. Et hätt een dofir och drop opgepasst, dass déi 4 Spezialisten hir Virträg a Presentatiounen einfach halen, esou, dass och Leit, déi nach net a Kontakt mam Thema komm sinn d'Erklärunge verstinn.