Fir de Leit an den Altersheemer eng Freed ze maachen, soll een e Concert ophuelen an dësen online setzen respektiv un d'Fondation EME schécken.

Am Moment ass d’Situatioun wéinst der Corona-Pandemie keng einfach. Et gëllt virun allem fir déi vulnerabel Leit ze schützen. Dofir gëlle virun allem an Altersheemer méi streng Mesuren. An dat bréngt och mat sech dass vill Concerten déi soss an Alters- a Fleegeheemer gespillt ginn, net méi organiséiert ginn. Dat ass schued well sou Concerte maachen de méi eelere Persoune grousse Spaass.

An dofir mécht d’Fondatioun EME ee ganz waarmen Appell un d’Museker dobaussen. Mat den neien Technologien ass jo villes méiglech. An dofir ass et den Opruff un d‘Museker dës Zäit ze notze fir deene Leit déi am Moment kee Besuch vun hire Famille kënne kréien, mat engem klenge Video eng grouss Freed ze maachen.

Deemno soll een e klenge Concert als Video ophuelen. Dee soll een dann op Facebook oder op YouTube verëffentlechen. An d’Opnam oder de Link un d’Fondatioun weiderleeden an iwwert dëse Wee ginn déi dann un all d’Altersheemer am Land geschéckt.

D'Fondatioun géif sech immens freeë wa Museker sech mobiliséiere géingen. Fir weider Infoe kann een sech via contact@fondation-eme.lu mellen.