Natierlech ass dat Wichtegst beim Sex, dass béid Persoune Spaass drun hunn. Mee et soll do awer net ganz egal sinn, wéi laang de Spaass dauert!

Eigentlech denkt ee jo beim perfekte Sex, dass deen éiweg dauere muss an am beschten ni ophält.

Lauschtert hei eran!

Dat ass awer éischter ee Mythos. Eng brittesch Etüd huet nämlech erausfonnt, dass bei deene meeschte Koppelen de Geschlechtsverkéier net méi laang wéi 19 Minutten dauert! Do sinn awer och schonn 10 Minutte Virspill mat aberechent. Also dauert dat eigentlecht Spektakel nëmmen 9 Minutten.

An dat stëmmt och mat de Resultater vun enger amerikanescher Etüd iwwerteneen. Do hate Fuerscher schonn 2015 eng ideal Dauer vu 7 Minutten an 30 Sekonne festgehalen. Alles wat vill méi laang dauert, géif onangeneem gi fir béid Bettsportler. A souwisou kréie mer dat net esou genee mat wéi laang mer amgaange sinn. Wa mer eis mateneen ameséiere verléiere mer all Zäitgefill, an och "just" 9 Minutte kommen eis vill méi laang vir.

Dobäi hunn d'Fuerscher awer och nach eppes anescht festgestallt: och wann den eigentleche Sex net ze laang dauere soll, heescht dat awer net, dass een alles kuerz hale muss. Grad beim Virspill dierf een sech do Zäit huele fir deen Aneren. Do kënnen also och roueg emol 20 Minutten oder och méi eraussprangen.