D'lescht Joer hate Minusgraden a Frascht bei de Wënzer un der Musel fir grousse Schued gesuergt. Och dëst Joer gëtt et Mëtt Mee nach eng Kéier knackeg kal.

„Planz ni virum kale Sophie“ - et ass eng Bauerereegel, déi aus enger Zäit staamt an där een d'Wieder nach net esou richteg, virun allem net laangfristeg konnt viraus gesinn. D'Sophie steet an Zesummenhang mat den 3 Äishellegen, déi der u sech awer 5 sinn. A wéi et ausgesäit kommen se dëst Joer op d'mannst fir déi éischten Deeg vun der Woch pénktlech.

5 Helleger bréngen de leschte Frascht
Vum 11. bis de 15. Mee ass et un de 4 Männer an der Fra, fir nach emol dee leschte Frascht ze bréngen. Kloer, wëssenschaftlech ass dat net, ma an all Bauerereegel stécht och ëmmer e bësse Wourecht. Den 11. Mee ass et um Mamertus, den 12. um Pankratius, den 13. um Servatius, de 14. um Bonifatius an de 15. Mee um Sophia. Si all hunn eppes gemeinsam, si sinn Helleger, waren entweder Bëschof oder Märtyrer.

D'Äishelleg stinn dobäi fir e meteorologescht Phänomen, dat net ëmmer, ma dacks a mat grousser Wahrscheinlechkeet optrëtt – an dat ass jo och elo erëm de Fall.

Äishelleg sinn dëst Joer pénktlech
No de scho relativ waarmen Temperaturen am Mee, ass et jo fir den Ufank vun dëser Woch nach emol méi kal, mat deels Temperaturen an der Nuecht ëm oder ënnert dem Gefréierpunkt. Vu spéitst den Donneschdeg u geet et dann erëm biergop. A fir de Freideg, wann dat „kaalt Sophie“ un de Rei ass, ass d'Wieder schonn erëm besser.

Trotzdeem ass et wéi gesot e Phänomen, dat méi dacks virkënnt a virun allem de Baueren ze schafe mécht. Knospen a Sprossen z.B. vun Uebstbeem kënnen dem Frascht zum Affer falen, dat selwecht fir jonk Planzen, déi grad eréischt an de Buedem gesat gi sinn.

Grousse Schued bei de Wënzer 2019
Wéi eng Auswierkungen dat kann hunn, hunn d'Wënzer an der Nuecht vum 4. op de 5. Mee d'lescht Joer misste spieren, och wann d'Äishelleg do e bëssen ze fréi dru waren. Temperature vu bis zu -3 Grad sinn duer gaangen, fir d'Knospen op verschiddene Parzelle komplett ze zerstéieren.

Mä wéi kënnt et eigentlech dozou, dass d'Temperaturen no e puer waarme Wochen nach emol esou drastesch falen? Et ass déi kal Polarloft, déi gären nach emol iwwer de schonn opgewiermte Kontinent ewech bléist. Ass et dann och nach stärekloer, da kann et zu Buedemfrascht kommen.

An och fir dës Woch mellt Meteolux eng Kalfront, déi vum Norde vun Europa hir kal an no an no och méi dréche Loftmassen an eis Regiounen dréckt.