Egal wéi ee sech d'Nues an de Mond bedeckt, et muss een oppassen, dass een dat richteg mécht an dee Stoff och mol wäscht.

Lauschtert eran

Zu eisem Alldag gehéiert momentan de Grëff zu der Mask. Egal wou mer hi ginn huet een se dobäi a wann een den Ofstand vu mindestens 2 Meter net kann anhalen, dann ass d'Mask esouguer Flicht.

Ma wéi transportéiert een d'Mask eigentlech richteg. Wann een se just kuerz iert een an d'Geschäft geet wëll undoen, dann huet ee besser se am Plastik ze loossen an se  op kee Fall un der banneschter Säit unzepaken. Ideal ass et awer sech schonn doheem anstänneg d'Hänn ze wäschen an se dann direkt unzedoen a se unzehalen.

Hei stellt sech elo natierlech d'Fro wat ee maache kann, wann engem d'Ootmen ënnert der Bedeckung schwéier fält. Prinzipiell dierft dat kee Problem sinn ënnert enger Mask. Déi klassesch Kotteng-Masken, sinn esou loftduerchlässeg, dass et zu kengem Sauerstoffmangel kommen dierft, esou de Prof. Janne Veherschild vum Däitschen Zentrum fir Infektiounsfuerschung.

Dacks gesäit ee jo Leit déi d'Mask ëm den Hals hänken hunn. Ma prinzipiell kann ee soen, dass et kee grousse Problem duerstellt, ob een se am Plastik oder ëm den Hals hänken huet, betount de Professer.

An elo eng vun deene wichtegste Froen, wéi kritt een eng selwer gebitzte Mask, e Schal oder e Buff nees propper? Den Hygieniker Peter Walger, recommandéiert de bei mindestens 60 Grad an der Wäschmaschinn ze wäschen. Eng Alternativ dozou wier, se fir 10 Minutten a kachend Waasser ze leeën. Bei enger normaler Kotteng-Mask dierft dat kee Problem sinn. Oppassen heescht et just, wann nach aner Materialien dra verschafft sinn. Do gëllt et sech virdru schlau ze maachen ob een déi a kachend Waasser dierf leeën oder net.

Prinzipiell gëllt awer, dass alles wat iwwer 60 Grad ass, de Virus ëmbréngt.