Jiddereen huet bestëmmt eng Koppel am Frëndeskrees, bei där ee vun deenen 2 Verléifte méi attraktiv ass wéi deen Aneren.

Lauschtert eran

Fir unzefänken ass et scho mol ganz normal, dass ee sech eng Persoun als Partner sicht, déi engem gefält, esouwuel charakterlech wéi och optesch. Do ass natierlech jidderengem iwwerlooss, op wat ee säi Fokus leet.

Wisou et dann a verschidde Koppelen een attraktiven an ee manner attraktive gëtt, wollten och 3 Psychologe vun der University of Texas at Austin an der Northwestern University, wëssen an hunn d'Resultater vun hirer Etüd an der Fachzäitschrëft ''Psychological Science'' verëffentlecht.

D'Fuerscher hunn 167 Koppele befrot wéi se sech kennegeléiert hunn an hunn zousätzlech vun engem objektive Beobachter, d'Attraktivitéit vun deenen 2 aschätze gelooss. D'Resultat ass hei nawell richteg interessant. Prinzipiell si se zu der Schlussfolgerung komm, dass wann deen ee gutt ausgesäit, dat och beim Partner de Fall ass. Déi meescht vun deene Koppelen hu sech kennegeléiert a spéitstens 1 Mount dono hiert éischt Date gehat.

An elo dat Iwwerraschend. Koppele bei deenen d'Attraktivitéit ongläich war, waren dacks virun der Bezéiung scho befrënnt. Wat ee sech méi laang virun der eigentlecher Bezéiung kannt huet, wat d'Warscheinlechkeet méi héich ass, dass ee vun deenen 2 méi attraktiv ass wéi deen aneren, esou déi 3 Psychologen.

An der Frëndschaft virun der Bezéiung, léiert een e Mënsch nämlech richteg kennen. Wéi zum Beispill, ob déi Persoun intelligent an trei ass a virun allem ob een hir vertraue kann. Dat sinn alles Bausteng déi quasi d'Fundament leeë fir spéider d'Ausgesinn an den Hannergrond ze stellen an op där stabiller Basis vu Vertrauen a interessante Charakter, eng Bezéiung opzebauen.