Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Justin Timberlake - What Goes Around... / Comes Around

Eng Persoun déi iech enttäuscht huet weist sech nees. Dir bleift awer knallhaart a weist hir, dass et ze spéit ass.

Stéier

Razorlight - In The Morning

Dir hutt de Besoin eppes an ärem Liewen ze veränneren. Traut iech einfach, dës Woch wäert et ouni Schwieregkeete geléngen.

Zwilling

Jonas Brothers ft Karol G - X

Ass et d'Sonn oder d'Energie vun de Planéiten? Ass och egal. D'Zwillinge sinn einfach bereet alles ze ginn dës Woch.

Kriibs

Kygo ft One Republic - Lose Somebody

D'Kriibse si bereet ze kämpfen dës Woch. Wat hinne wichteg ass, wëlle se och schützen a sech net entgoe loossen.

Léiw

Milow - Howling at the Moon

Haalt op zevill z'iwwerleeën. Loosst e bësse Spontanitéit zou a gitt d'Kontroll och emol of.

Jongfra

Katy Perry - Daisies

Loosst iech net vun anere soe wat der kënnt a wat net. Dir hutt alles wat der braucht fir Erfolleg ze hunn. Gitt Gas!

Wo

P!nk - Sober

Et gi vill Verféierunge ronderëm iech. Och wa se dee Moment villäicht gutt dinn, wësst der eigentlech, dass der besser hätt Nee ze soen.

Skorpioun

Frank Turner - Recovery

Et gi Leit déi Spuren hannerloossen. Dës Woch ass et bei de Skorpiounen un der Zäit dës definitiv hannert sech ze loossen.

7

Schütze

Die Ärzte - Himmelblau

Bei de Schütze kribbelt et dës Woch. Dir kënnt iech net erkläre firwat, iergendeppes Grousses läit an der Loft.

Steebock

Harry Styles - Watermelon Sugar

Dës Woch steet am Zeeche vum Plaiséier bei de Steebéck. Alles wat gutt deet kënnt op iech duer. Genéisst et.

Waassermann

Drake - Fake Love

Net jiddereen dee léif mat iech ass, mengt et och esou. Sidd virsiichteg

Fësch

Martin Garrix ft John Martin - Higher Ground

De Fësch geet et dës Woch richteg gutt, virun allem well se eng Persoun zur Säit hunn, déi se einfach ëmmer stäipt.