Am Plexiglas oder am Ganzkierperkostüm - Iddien, wéi Fléie a Corona-Zäiten kéint ausgesinn. Wéi ass et bei der Lëtzebuerger Airline?

Lauschtert eran!

De LuxairGroup ass prett fir d'Reprise vun den Aktivitéiten am Juni. Déi néideg Hygiènesvirschrëfte goufe getraff, fir de Passagéier eng maximal Sécherheet ze garantéieren. Et wäert sech natierlech esou munches änneren, wann een an Zukunft um Findel an e Fliger klëmmt. Dat fänkt scho beim Check-In un, esou de Joe Schroeder, Pressespriecher vum LuxairGroup:

"Eng ganz Partie Affichen, Strécher, bis wouhinner dir dierft goen, datt ee sech net soll usammelen. Beim Check-In-Counter ass Plexiglas, de Boarding (...) méi a klenge Gruppe ganz kloer ze maachen, fir kleng Gruppe vu Leit bei de Fliger goen ze loossen."

De Wee bis an de Fliger gëtt och verkierzt, dacks fiert ee jo mat enger Navette bis bei d'Gefier. Am Fliger selwer, grad wéi am Fluchhafen, gëllt d'Maskeflicht. De Catering gëtt weider assuréiert, dat awer a reduzéierter Form. Trëtt e positive Fall um Fluch selwer op, huet een déi néideg Precautioune getraff, fir effikass a virun allem séier ze reagéieren, esou de Joe Schroeder.

"Eis Fligere sinn ekipéiert mat HEPA-Filter-Systemer alleguer, dat ass eng Filteranlag. Déi kann ee vergläichen, mat där, déi et a Spideeler gëtt. Déi Filteranlagen, déi filteren op 99,9% wierklech alles eraus vu Viren, Bakterien."

Féiwer gëtt net gemooss, dat heescht net, datt wann een op engem Fluchhafen a Spuenien ukënnt, dass dat do net gemaach ka ginn. Dës Decisioun géif bei all eenzelem Bedreiwer leien. D'Luxair géif sech strikt un déi bestoend Richtlinnen halen, sief dat déi vun der EU, der WHO oder der Lëtzebuerger Regierung. An Zukunft kann et natierlech och nach Changementer ginn.

"Am Ufank rechent kee mat komplett volle Fligeren. (...) Plazen esou wäerten affektéieren, datt mer déi Mesuren do och op deem Wee kënnen assuréieren an da musse mer Step-By-Step virgoen a kucken deemno wéi ob mer mussen anescht reagéieren."

Aktuell dierf een aus Hygiènesmesuren keng Wallis mat an de Fliger huelen, déi muss een opginn oder d'Gepäck gëtt ënne verstaut. Et géif een alles ënnerhuelen, fir datt de Schutz vun all Client assuréiert bleift. Et ass den Opruff, datt et un all Passagéier läit, responsabel ze sinn. Den néidegen Ofstand zu aneren anhalen, eng Mask unhunn a sech kooperativ weisen.