Dem Kaffi gëtt vill positiv Wierkungen nogesot. Enger brittescher Etüd no suergt de Kaffi wuel dofir, dass mir manner Bauchfett hunn.

Kaffi mécht net nëmme wakereg, mee huet enger brittescher Etüd no och Afloss op eise Kierperfett-Undeel. Kaffi wier deemno den heemleche Superfood vun eisem Alldag.

Fraen, déi 2 bis 3 Tase Kaffi pro Dag drénken, hunn der Etüd vun der Anglia Ruskin Uni no insgesamt, a virun allem am Bauchberäich manner Fett.

De Resultater vun der Etüd no war de Prozentsaz vum gesamte Kierperfett bei Fraen vun all Alter ëm 2,8 Prozent méi niddreg, déi 2 bis 3 Tase pro Dag gedronk hunn. Dobäi war et egal ob de Kaffi koffein-halteg oder koffein-fräi war. D’Resultater hu sech och bei Fëmmerten an Net-Fëmmerten oder bei chronesch Kranken a gesonde Persounen net verännert.

Och bei de Männer konnten d’Auswierkunge vum Kaffi-Konsum op de Kierperfett-Undeel festgestallt ginn. D’Ënnerscheeder waren allerdéngs däitlech manner ausgepräägt.

D’Fuerschung géing deemno och drop hiweisen, dass et nieft Koffein nach aner bioaktiv Verbindunge mam Kaffi kéinte ginn, déi d’Gewiicht reguléieren a potenziell als Mëttel géint Fettleiwegkeet agesat kéint ginn.