A verschiddene Länner dierfen de Moment mol net d’Awunner selwer op d’Plage. Aner Reesziler dierften awer geschwënn nees fir Touristen opmaachen.

D’Grenzen, déi Mëtt Juni an Europa nees opginn, maachen Hoffnung, dass eng Summervakanz och am Ausland méiglech ass. Verschidde Länner preparéiere sech schonn op d’Touristesaison. Anerer hunn et méi schwéier.

Éisträich - reese ganz warscheinlech

An Éisträich ass d’Erliichterung grouss. Vill Touristen haten hir Vakanz scho virun der Coronakris gebucht. Villes schwätzt dofir, dass si elo och dohi reesen kënnen. D’Land huet ganz niddreg Coronazuelen. Wichteg touristesch Infrastrukturen wéi Muséeën an Fräizäitparken sollen d’nächst Woch nees opgoen.

Italien - absurd Diskussiounen iwwert d’Reegelen op der Plage

Den italienesche Premier Giuseppe Conte huet sengen eegene Landsleit zwar Hoffnung op eng Vakanz op der Plage gemaach. Ob a wéini nees Touristen an Italien reesen dierfen, steet awer nach an de Stären. De Moment verléiert d’Land sech an deels absurde Diskussiounen iwwert Ofstandsreegelen op der Plage. Esou soll zum Beispill all Sonnestull no all Wiessel desinfizéiert musse ginn.

Spuenien - souguer Reesen am Inland si verbueden

A Spuenien gesäit et fir international Gäscht nach schwiereg aus. De Moment musse Bierger aus dem Ausland hei fir zwou Wochen a Quarantän. Dës Mesure soll esou laang gëllen, bis de Corona-Ausnamezoustand nees ophält. Ëmmerhi wëllt d’Lufthansa nees Vakanzefligeren op Mallorca schécken.

Griicheland - Tourismus soll den 1. Juli nees méiglech sinn

A Griicheland soll den Tourismus den 1. Juli nees ulafen. Op de Plagen sollen d’Sonnestill a Schiermer 3 bis 5 Meter vuneneen ewech stoen. Den Tourismus ass extrem wichteg fir d’Land, dat seng grouss Wirtschaftskris grad eréischt hannert sech gelooss huet.

Frankräich - éischt Plage ginn nees op

A Frankräich maache lues a lues di éischt Plagen nees op. Wéi eng Plagen dat sinn, dat decidéieren di regional Autoritéiten. Fir Hoteller a Restauranten gëtt et nach keen Ëffnungsdatum. Doriwwer soll Enn Mee entscheet ginn, och bei Touristesitten wéi den Eiffeltuerm ass onkloer wéini nees Touristen dohi kënnen.

Tierkei - Hoffnung op Touristen nees am Juni

D‘Tierkei lockert lues a lues d‘Corona-Restriktiounen a preparéiert sech op d’Touristesaison 2020. Am Juni hofft d’Land op Touristen aus dem Ausland. Fir Hoteller a Restaurante sollen streng Corona-Oplagen gëllen. No der Ouverture fir international Flich sollen un de Grenziwwergäng oder dem Fluchhafen zu Antalya Corona-Tester duerchgefouert ginn.