Dem Extremsportler Ralph Diseviscourt seng Pläng si wéinst der Corona-Kris op d'Kopp gestallt ginn a sou huet hie sech enger Spendenaktioun ugeschloss.

Lauschtert eran!

De virtuelle Challenge ass vun der Associatioun Imbasa an d'Liewe geruff ginn an där "verréckter" Iddi, wéi et op Facebook heescht, huet sech de Ralph Diseviscourt, och Dizzy genannt, ugeschloss. Seng geplangte Vëloscourse goufen ofgesot an esou war och hien doheem an huet deemno spontan zougesot beim virtuellen Tour duerch Südafrika matzemaachen. Hie strampelt sech all Dag um Vëlo of fir esou vill Kilometer wéi méiglech zesummenzekréien.

D'Leit ginn also matgeholl op eng virtuell Rees duerch Südafrika, déi vum Dizzy mam Vëlo geleet gëtt. Zil ass et bannent 14 Deeg 2.000 Kilometer zeréckgeluecht ze hunn. Pro gefuerene Kilometer kann ee spenden an eng Aart Sponsor ginn. Packt den Dizzy déi am Virfeld versprache Kilometer, ass et un de Sponsoren ze iwwerweise fir d'Iessenspäck fir d'Kanner an den Heemer ze finanzéieren.

Natierlech si weltwäit immens vill Leit vum Covid-19 betraff. Och a Südafrika ass d'Lag ganz eescht. Vill Kanner an hir Famillen hunn de Moment keng Méiglechkeet un Iessen ze kommen. Giess gouf virum Coronavirus an enger Maison Relais oder enger Crèche, déi awer elo zou sinn. D'Wunnsituatioun ass genee esou prekär a léisst net vill Spillraum fir Precautiounsmoossnamen.

© Ralph Diseviscourt

Op Facebook kann een un der Food Challenge deelhuelen, hei gi reegelméisseg Fotoen a soss Updates gepost. Et ass dann och esou, datt bis ewell vill Suen zesummekomm sinn, well d'Leit am Virfeld e fixe Betrag iwwerwisen hunn. Wéi den Dizzy awer richteg seet, hëlleft all Cent, d'Situatioun a Südafrika ze verbesseren. D'Aktioun ass den 11. Mee lancéiert ginn, bis de 24. Mee ass den Dizzy nach ënnerwee.

De Raphael Diseviscourt ass e Lëtzebuerger Ultracyclist. Hien ass 2018 bei der "Race Across America" als 2. an d'Zil komm. 2019 krut hien de WM-Titel an dëse Juni hätt hie solle beim "Trans Siberian Extrem" matfueren. Dëst ass déi längsten Etappecourse weltwäit mat 9.100 Kilometer vu Moskau op Vladivostok.