Groussbritannien ass jo weiderhin am Lockdown an et gesäit duerno aus, ewéi wann sech dat esou bal nach net ännere wäert.

Dat huet d’BBC zu enger Aktioun inspiréiert, déi de Weekend iwwert d’ganzt Land motivéiert huet, virun allem op Social Media. D’BBC huet d’Leit dozou opgeruff déi lescht “normal” Foto vum Liewen virum Lockdown eranzeschécken an huet domadder en Nerv getraff.

Lauschtert hei de Reportage:

Dausende vu Fotoen krut d’BBC a Millioune méi goufen op Twitter a Facebook mam Hashtag #LastNormalPhoto gepost. Dorënner Fotoe vu Fraen, déi virun 2 Méint nach schwanger waren an elo e Puppelchen hunn. Oder Leit déi mat hire Kolleegen ënnerwee sinn oder op engem Concert waren. Oder awer och Fotoen vu Leit, déi leider net méi bei eis sinn an Affer vum Coronavirus goufen.

© pixabay.com

Et si Fotoen, déi engem virkommen, ewéi wann se aus engem anere Liewe stamen – a genee dowéinst hunn och esouvill Leit matgemaach. Bannent zwee kuerze Méint huet sech d’Liewen hei a Groussbritannien radikal verännert. A wärend een weiderhin bal 24 Stonnen den Dag bei sech doheem bleiwe muss, ass dës Aktioun eng schéin Erënnerung dorun ewéi d’Liewen virun der Pandemie war an hoffentlech an Zukunft och nees wäert sinn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter