Bei enger Auktioun zu New York sinn Turnschong vun der Basketball-Legend fir eng hallef Millioun Dollar iwwert den Dësch gaangen.

Bei enger Auktioun zu New York ass ee Puer al Turnschong vun der Basketball-Legend Michael Jordan fir ee Rekordpräis versteet ginn. Wéi d’Auktiounshaus Sothebys matdeelt, huet een anonymme Keefer dofir ronn 560.000 Dollar bezuelt. Et handelt sech ëm den éischte Schong-Modell, deen de Michael Jordan an de Mëtt 80er zesumme mam Nike entwéckelt huet. Wéi et heescht, wier an de leschten 20 Minutte vun der Auktioun de Präis mega an d’Luucht gaangen. Den urspréngleche geschate Präis louch bei 150.000 Dollar. Leit vu 4 Kontinenten hätten sech un der Auktioun bedeelegt.