Verschidde Leit si méi geplot wéi anerer mat hinnen. Wien awer vill vu Mustike gepickt gëtt, wëll just eppes: dass et ophält. Mee wat hëlleft iwwerhaapt?

De Summer ass eigentlech eng fantastesch Zäit: et ass waarm, d'Sonn ass do, an d'Deeg sinn och nees richteg laang. Also alles gutt Grënn fir vill un der frëscher Loft ze sinn. Wat engem do den Dag, mee virun allem awer d'Nuecht ka verhonzen, sinn d'Mustiken.

Lauschtert hei eran!

Eleng bei deem Geräisch vun de Mustiken, gi sou munche vun eis d'Schudderen aus. Et spiert ee quasi schonn, wéi et iwwerall bäisst. An do ginn et jo ëmmer vill Tipps déi hëllefe solle géint de Bass.

Wat effektiv hëlleft, op mannst fir ee Moment, ass Äis. Een einfachen Äiswierfel op déi Plaz hale wou ee gepickt gouf. Am Beschten an ee proppert Kichenduch awéckelen, fir een direkte Kontakt zu der Haut z'evitéieren.

A wann d'Äis geschmolt ass, an d'Duch naass, kann een sech dat direkt dropleeën. Dat deet och gutt fir einfach ofzekillen. Wien de Geroch net stéiert, kann d'Duch och mat enger Esseg-Waasser Mëschung naass maachen, an dat op d'Plaze leeën.

Da kritt ee jo och ëmmer nees gesot, dass den eegene Spaut soll hëllefen. Dat halen ech awer éischter fir ee Mythos. An der Verzweiwlung hunn ech et scho probéiert, mee et huet ni eppes bruecht.

Dogéint ass ee Gel mat Aloe-Vera eng wierklech gutt Hëllef. Aloe-Vera berouegt d'Haut, an hëlt och de Bass. An allgemeng schuet et der Haut absolut net, wann een esou ee Gel dropmécht, well Aloe-Vera se mat Fiichtegkeet versuergt.

Wann d'Schwellung awer ze déck gëtt no engem Stéch vun enger Mustik, soll een awer bei den Dokter oder an d'Apdikt fueren, an ofklären op et eng allergesch Reaktioun ass. Wa jo, da muss der nämlech eng speziell Crème verschriwwe kréien, ee sougenannten "Anti-Histaminique".