Wie Schockela wierklech gär huet weess: et ass schwéier bis onméiglech drop ze verzichten. Mee musse mer dat iwwerhaapt?

Wann een eng gutt Tablette Schockela viru sech huet, ass et schwéier no just engem oder zwee Stécker Nee ze soen, a se ewech ze paken. Ma dem Schockela, méi genee dem Kakao gëtt villes nogesot. Mee wat stëmmt dovun?

Lauschtert hei eran!

Eemol heescht et jo, dass Schockela glécklech mécht. An do mussen elo all Kakao-Fans staark bleiwen, mee dat ass onwarscheinlech. Op d'mannst vum biologesche Prozess hier. Am Kakao sinn zwar Wierkstoffer dran, déi d'Serotonin-Produktioun kéinten ulafe loossen, mee dofir misst een immens héich Quantitéiten iessen. Dat heescht awer elo net, dass der net kënnt frou sinn nom Schockela iessen. Just, dass dat éischter ass, well mer d'Gefill hunn eis ze belounen, oder well mer mam Schockela positiv Erënnerunge verbannen.

Mee wat een sech awer ka froen: ass Schockela iwwerhaapt gesond?
Do hänkt d'Äntwert staark dovun of, wéi eng Zort vu Schockela ee grad ësst. Am Kakao ass nämlech eppes dran dat ee "Flavanole" nennt. Déi suergen dofir, dass eis Bluttgefäässer elastesch bleiwen. Wann der besonnesch vill "Flavanole" wëllt kréien, musst der awer deen däischtere Schockela iessen. Well, wat méi Kakao am Schockela ass, wat och méi vun deene Stoffer dra sinn.

An de Schockela kann och gutt fir eisen Häerz-Kreeslaf sinn, besonnesch wann Nëss an der Tablette dra sinn! Donieft lount et sech och verschidden Zorte Schockela mateneen ze vergläichen. Do soll een dann eemol op de Fett an Zocker kucken deen dran ass, mee och wéi vill a wat fir Närstoffer dra sinn.