Prinzipiell ass et jo esou: Wann ee säi Partner verloosse wëll, seet een engem dat an d'Gesiicht. Ma a Coronazäiten ass dat anescht.

Lauschtert eran

Kuerz gesot ass Zumping näischt aneschtes, wéi engem de Kuerf iwwert d'Videochat-App "Zoom" ze ginn.

Am Lockdown doheem huet sécher deen een oder anere Single iwwert den Internet eng Persoun kennegeléiert, déi en nach op de Mound geschoss huet, iert een d'Méiglechkeet hat sech iwwerhaapt ze treffen an dat iwwert déi App. Ass eigentlech net ganz schlëmm. Wann een een esou kennegeléiert huet a sech nach ni an der Realitéit gesinn huet, kann een dach och op deem Wee Schluss maachen.

Méi bedenklech gëtt et allerdéngs wa Koppelen, déi schonn eng Zäit zesumme sinn, sech bemol trennen, well ee vun deenen 2 sech decidéiert huet de Partner iwwert ''Zoom'' op d'Schëff ze schécken. Dat deet net nëmme wéi, mee ass och nach der Däiwel onperséinlech a feig. Dat ass awer leider d'Realitéit. Verschidde Männer a Frae konnten de Schluss vum Lockdown net ofwaarden an hu sech op deem Wee vun hirem Partner getrennt.

Dat Phänomen gëtt als Zumping bezeechent, also d'Zesummesetzung aus Zoom an Dumping, ass awer eigentlech näischt komplett Neies. Op verschiddene soziale Medie konnt ee scho mol méi dacks liesen, dass Leit zum Beispill iwwert Facebook, Tumblr oder esouguer iwwer E-Mail verlooss gi sinn. Zumping ass hei also eigentlech just e weidert Hëllefsmëttel fir déi Leit déi de Courage net hunn engem dat an Gesiicht ze soen.

Eng gutt Noriicht gëtt et hei awer och. Déi schwéier Phas an der ee keen huet dierfte gesinn, ass eriwwer a wann der nach mat ärem Stupp zesumme sidd, dann ass d'Warscheinlechkeet iwwert Zoom oder soss eng App verlooss ze ginn, schonn direkt vill méi kleng.