Lues a lues ginn d'Mesuren an eisen Nopeschlänner méi labber an dat gëllt och fir d'Grenzen. Ma wat dierf een als Lëtzebuerger iwwerhaapt?

Um Ufank vun der Coronakris hat et esou ausgesinn, wéi wa Reesen an der EU dëst Joer net méiglech wier. Ma an der Tëschenzäit hunn eng ganz Rëtsch Länner hir Grenzen erëm deels opgemaach an och d'Kontrollen erofgefuer. Wat awer bleift ass eng gewëssen Onkloerheet doriwwer, wat een dann elo dierf. Oppe Grenzen heescht jo u sech, dass een eriwwer an eis Nopeschlänner ka fueren ouni eng Strof mussen ze fäerten. Ma dat stëmmt net ganz.

Däitschland: Grenzen ouni Aschränkungen op
Fänke mir bei eisen däitschen Noperen un. De Samschdeg sinn do d'Grenze mat Lëtzebuerg erëm opgaangen an och d'Kontrolle sinn ewechgefall, dofir hunn sech d'Geschäftsleit zu Tréier schonn emol op den Ustuerm virbereet.
Och d'Grenze mat Frankräich, Éisträich an der Schwäiz mécht Däitschland erëm op, do gëtt awer nach sporadesch kontrolléiert. Areesen ass fir dës Länner nämlech ëmmer nach nëmme mat engem valabele Grond méiglech.

Fir Lëtzebuerger gëllt wéi an allen Nopeschlänner, dass d'Reegelen an deem Land musse beuecht ginn, déi eben do gëllen.

Belsch: Grenzen net zou, mä weider Kontrollen
Domat wiere mir beim Fall vun der Belsch. Hei ware keng Iwwergäng zougemaach ginn, ma et ass kontrolléiert ginn. Dat heescht et huet een nëmmen an d'Belsch dierften eran, wann een och e valabele Grond hat, z.B. als Pendler. Dat ass iwwerdeems nach ëmmer esou, an an der Belsch gëllt och, dass een sech nëmmen aus bestëmmte Grënn soll deplacéieren.

Virum 8. Juni soll sech dorun och näischt änneren. De Weekend hat de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ugekënnegt, dass et fir Lëtzebuerger villäicht schonn dës Woch erëm méiglech wäert sinn, fir kënnen an d'Belsch akafen ze goen. Wéinst de Mesuren déi am Land gëllen ass en Ausfluch un d'Belsch Plage trotzdeem nach net méiglech.

Frankräich: Nëmme mat den néidegen Dokumenter
An dann ass do nach Frankräich. Hei ass et esou, dass et e puer Dokumenter ginn, déi een op Guichet.lu fënnt. U sech ass et esou, dass een als Lëtzebuerger do näischt verluer huet, ma och hei ginn et Ausnamen, z.B. wann de Wunnsëtz a Frankräich ass, fir Pendler, aus familiäre Grënn oder wann een duerch Frankräich muss fueren.

A Frankräich selwer dierf een sech iwwerdeems ouni Grond bis zu 100 Kilometer Loftlinn vun der Plaz wou ee wunnt fortbeweegen. Doriwwer eraus brauch een en Dokument, ausser et bleift een am selwechten Departement.

Um Enn sief nach gesot, dass all déi genannte Bestëmmungen och ganz séier erëm kënnen änneren.